Ausübung vum Walrecht fir Leit, déi am Waldag kuerzfristig op hirer Aarbecht agedeelt goufen.

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech eng dringend parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister an den Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung betreffend d’Ausübung vum Wahlrecht weiderzeleeden.

Zu Lëtzebuerg herrscht d’Walflicht. Sou steet et am Kapitel VIII vun eisem Walgesetz. Fir Leit, déi

(i) kuerzfristeg fir de Waldag op hirer Aarbecht agedeelt goufen,

(ii) dowéinst net dru geduecht hunn d‘Bréifwahl unzefroen, an

(iii) hirer Biergerflicht trotzdeem wëlle nokommen,

ass dat net ëmmer einfach hinzekréien.

Vu dass et sech bäi der Ausübung vum Walrecht, ëm dat elementaarst demokratescht Recht handelt, wéilt ech folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

  • Kënne d’Häre Ministeren bestätegen, dass laut Gesetz am wäitste Sënn vum Wuert, de Patron den Aarbechter fir säi Walrecht ausüben ze kënnen, muss fräistellen? Wa jo, op wéi enger Basis?
  • Virausgesat et gëtt keng gesetzlech Basis fir eng obligatoresch Fräistellung vum Aarbechter, fannen d’Häre Ministeren et net befriemlech, dass sech eng Persoun strofrechtleche Poursuitten riskéiert auszesetzen, well de Patron se net wiele goe léisst?
  • Sinn d’Häre Ministeren net der Meenung, dass d’Wahlrecht (an d’Wahlflicht) iwwer den aarbechtsrechtlechen Verflichtungen vum Aarbechter vis-à-vis vu sengem Patron steet an den Aarbechter deementspriechend ka wiele goen, och ouni Averständnis vum Patron?
  • Souguer wann de Patron entgéint dem Wëllen vun der concernéierter Persoun bereet wier eng Excuse auszestellen, deelen d’Häre Ministeren d’Aschätzung, dass d’Wäertegkeet vu sou enger Excuse eenzeg an eleng am Kompetenzberäich vum zoustännege Procureur läit, an déi Persoun zumindest an der Theorie Poursuitte riskéiere kéint?
  • Wéini beabsichtegen d’Häre Ministere déi gesetzlech Reegelungen am Sënn vu méi Rechtssécherheet ofzeänneren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck