Ausschreiwung fir “Schouluebst” : Firwat gëtt net méi no Qualitéit, Nohaltegkeet a soziale Fakteure gekuckt ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi ëffentlech Ausschreiwung fir „Schouluebst 2019/2020 “ un den Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.
20% bis d’Joer 2025, 100% bis d’Joer 2050. Dat sinn Zieler an den Timing déi Regierung sech an der Biolandwirtschaft ginn huet. Ausserdeem betount se ëmmer erëm datt eng Valorisatioun vun de regionale Produkter wichteg wär.
De 25. August huet d’„Administration des Services Techniques de l’Agriculture“ eng ëffentlech Ausschreiwung fir „fourniture de fruits et légumes aux établissements scolaires en 5 lots “ opgemaach, an een deementspriechend Laaschtenheft fir déi verschidde Liewensmëttel opgestallt.
Duerch den Ëmstand, dass all Produkter vun engem eenzege Liwwerant musse stamen an duerch eng restriktiv Definitioun fir verschidde Produkter ass et am Prinzip onméiglech dat e lokale Produzent respektiv lokal Produkter wäerten den Zouschlag kréien.
D’Gesetz iwwert déi ëffentlech Ausschreiwunge vum 8. Abrëll 2018 gesäit awer fir fir de Marché op Basis vun der Qualitéit ze attribuéieren an net méi systematesch nom niddregste Präis. D’Pouvoirs adjudicateurs hunn och d’Recht, gewësse Spezifikatiounen oder unerkannte Labelen an Zertifikatioune vun den Ubidder ze verlaangen, fir sécher ze stellen, datt héich Ëmwelt- a Sozialnorme respektéiert ginn.
Bei der Ausschreiwung vum „Schouluebst 2019/2020“gëtt awer bei de meeschte Produkter leider net weider no dëse Faktore gefrot. Sou mussen zb nëmme minimal 5% dem biologeschen Ubau entspriechen. De Präis ass nach ëmmer den Haaptkritär fir den Zouschlag ze kréien.
An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen
Entsprécht déi ëffentlech Ausschreiwung fir „Schouluebst 2019/2020“ den Erwaardunge vun der Regierung?
Firwat ass d’ Ausschreiwungen nëmmen en „bloc” a esou formuléiert datt fir eenzel Produkter, méi kleng respektiv lokal Produzente guer net kënne bei der ëffentlecher Ausschreiwung matmaachen?
Firwat gëtt bei dëser Ausschreiwung net méi Qualitéit, Nohaltegkeet a sozial Faktoren?
Huet den Här Landwirtschaftsminister allgemeng Recommandatiounen eraus ginn, fir dës Ausschreiwungen ze formuléieren? Wa jo, wéi eng Recommandatiounen? Wann neen – firwat huet den Här Minister net aktiv den Asaz vu méi lokale Produkter ënnerstëtzt?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen
Députéiert

Zréck