Aus wéi engem Grond kréien aner Professiounen déi och a Kontakt sinn mat Patienten keng Booster Impfung offréiert, wëssend datt se sech selwer an awer och de Patient kënnen ustiechen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro betreffend den eligibelen Persounen vir eng drëtt Covid-19 Impfung un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden

Esou wéi och aner Länner, huet Lëtzebuerg elo annoncéiert den iwwer 64 Järegen, ewéi och de Leit aus dem Gesondheetssecteur, à savoir den Dokteren, den Apdikter, de Psychotherapeuten an de Professions de santé selon la loi modifiée du 26/3/1992 eng Booster Impfung ze offréieren.

 

Wëssend datt och nach aner Leit direkt oder indirekt mam Patient a Kontakt sinn, dës awer laut der Regierung net eligibel sinn vir eng Booster Impfung ze kréien, géif ech gäre folgend Froen stellen:

  • Aus wéi engem Grond kréien aner Professiounen déi och a Kontakt sinn mat Patienten, wéi d’Botzpersonal an de Spideeler, d‘Leit déi den Transport vun de Patiente maachen oder d‘Techniker déi an e Spidolszëmmer mussen asw. keng Booster Impfung offréiert, wëssend datt se sech selwer an awer och de Patient kënnen ustiechen ?
  • Dervun ausgoend datt genuch Vaccin’ën do sinn, mengt d’Regierung net och datt een déi Leit muss schützen, well dës jo awer och dem Virus ausgesat sinn an zum Funktionnement vun eise Klinicken bäidroen ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck