Aus wéi enge Grënn gi Plug-in-Hybridgefierer ab dem Joer 2022 zu Lëtzebuerg vu staatlecher Säit aus net méi gefërdert?

Här Präsident,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie an un Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

An Däitschland huet de neie Wirtschaftsminister ugekënnegt hire Fërdersystem fir Plug-in-Hybriden, deen 2021 sollt auslafen, bis Enn 2022 weiderzeféieren. Zu Lëtzebuerg huet Regierung decidéiert ab 2022 just nach de Kaf vu reng elektresche Gefierer ze fërderen, fir de Kaf vu Plug-in-Hybridgefierer ass ab deem Moment kee Subside méi virgesinn.

An dësem Kontext wéilt ech der Regierung gäre folgend Fro stellen

  • Aus wéi enge Grënn gi Plug-in-Hybridgefierer ab dem Joer 2022 zu Lëtzebuerg vu staatlecher Säit aus net méi gefërdert?

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz
Deputéierten

 

Zréck