Ass zu Lëtzebuerg bei den Afepouken geplangt, eng Impfempfeelung ze maachen, respektiv ass de Conseil supérieur des maladies infectieuses schons gefroot ginn, fir en Avis iwwer des Fro oofzegin?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Den 9. Juni huet d’Ständige Impfkommission (STIKO) an Däitschland eng Recommandatioun erausginn, dat bestëmmte Risikogruppen a Leit, déi mat enger noweislech infizéierter Persoun enke Kontakt haten, sech sollen mam Poukenvaccin Imvanex géint d’Afepouken impfen loossen.  An dësem Kontext géing ech gär folgend Drénglechkeetsfro un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Ass zu Lëtzebuerg bei den Afepouken geplangt, eng Impfempfeelung ze maachen, respektiv ass de Conseil supérieur des maladies infectieuses schons gefroot ginn, fir en Avis iwwer des Fro oofzegin?
    • Wa jo, u wat fir Persounen wäert sech des Empfeelung riichten?
  • Ass genuch Vaccin disponibel, am Fall, wou et zu enger Recommandatioun kënnt?
  • Wéi vill Dosen gi fir eng Grondimmuniséierung gebraucht?
  • Ass zu Lëtzebuerg schonn e Fall vun Afepouken detektéiert gin?

Här President, ech  bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler

Deputéierten

Zréck