Ass virgesinn, dass an Zukunft sämtlech illegal Manifestatiounen, i.e. ausserhalb vum festgeluechte Perimeter, kuerzerhand opgeléist ginn?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement dat virgesäit, wéilte mir eng dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Bannenzegt Sécherheet stellen.

Leschte Weekend waren op en Neits Manifestatioune géint déi aktuell sanitär Moossnamen an der Stad Lëtzebuerg. Dobäi huet sech ee Rassemblement vu ronn 400 bis 500 Leit op der Gare zesumme fonnt, deen sech an der Suite iwwer d’Passerelle, Richtung Gëlle Fra beweegt huet. Eisen Informatiounen no koum et och nees zu Stroosseblockaden um Boulevard Royal a verschidde Persoune sinn och an d’Groussgaass agedrongen. Dobäi gouf den 9. Dezember 2021 ee präzise “Manifestatiouns-Perimeter” ausgewisen, dat a Presenz notamment vum Policeminister, un dee sech besote Manifestanten net gehalen hunn. Dëst gesot, begréisse mir den Asaz vun der Police déi lescht Weekender.

 

Opgrond vu virgenannten Informatioune wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Bannenzegt Sécherheet stellen:

– Wéi bewäert den Här Minister d’Virfäll vu leschtem Samschden?

– Wat ënnerhëlt den Här Minister fir dass et déi nächst Zäit net nach eng Kéier zu änleche Virfäll kënnt? Gëtt de Sécherheetsdispositif nach eng Kéier verschäerft? Ass virgesinn, dass an Zukunft sämtlech illegal Manifestatiounen, i.e. ausserhalb vum festgeluechte Perimeter, kuerzerhand opgeléist ginn? Wien decidéiert op eng Manifestatioun opgeléist gëtt oder net?

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Léon Gloden

Zréck