Ass séchergestallt, datt déi geplangten nei Héichspannungsleitung, déi duerch d’Gemeng Jonglënster verleeft, kee Risiko fir d’Gesondheet vun den Awunner duerstellt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden.

Mat enger neier Héichspannungsleitung a Richtung Aach bei Tréier soll d’Stroumversuergung vu Lëtzebuerg fir déi nächst Jorzéngten ofgeséchert ginn. Déi geplangten 380-Kilovolt-Leitung verleeft ënner anerem duerch d’Gemeng Jonglënster, méi genau duerch d’Uertschaft Amber. Déi nei Leitung soll déi bestoend 220-Kilovolt-Leitung, déi Lëtzebuerg aktuell mat Stroum aus Däitschland versuergt a parallel zum Duerf verleeft, deelweis direkt iwwer d’Diecher vun den Haiser, ersetzen. Vill Awunner maache sech Suergen a fäerten, dass déi geplangten nei Héichspannungsleitung deelweis kéint den Tracé vun der bestoender iwwerhuelen an no laanscht d’Haiser géif verlafen. Si gesinn doran e Risiko fir hir Gesondheet an déi vun hire Kanner.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Ëmweltminister riichten:

  • Wéi eng vun de Variante fir den Tracé vun der 380-Kilovolt-Leitung gëtt aktuell vun der Regierung favoriséiert an aus wéi engem Grond?
  • Wéi wëll d’Regierung de Bedenke vun den Awunner aus der Gemeng Jonglënster am Kontext vun der neier Héichspannungsleitung Rechnung droen?
  • A wéi wäit ginn eventuell Gesondheetsrisike fir d’Awunner an der Planungsphas berécksiichtegt?
  • A wéi wäit gëtt bei der Decisioun fir eng Variant d’Positioun vun der Gemeng Jonglënster berécksiichtegt?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden                                     Max Hengel                           Octavie Modert

Deputéiert

Zréck