Ass Regierung bereet Primme fir Gebaier ze renovéieren an ze sanéiere substantiell no uewen unzepassen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un Madamm Ëmweltminister an un den Här Wunnengsbauminister weider ze leeden.

D’EU-Parlament huet sech kierzlech fir méi streng Ufuerderungen an der Energieeffizienz vu Gebaier ausgeschwat. D‘EU-Kommissioun huet virgeschloen, eenheetlech Effizienzklassen a ganz Europa anzeféieren déi den Energieverbrauch erëmginn. Dorunner gemooss sollen dann als éischt déi Immobilië moderniséiert a besser isoléiert ginn  déi an der Energieeffizienz am Moment am schlechtsten ofschneiden. Des Decisioun ass am Kader Kader vum European Green Deal ze gesinn, deen d’Klimaneutralitéit bis 2050 viséiert

Laut EU-Kommissioun solle bis 2033 all Gebaier eng mëttel Effizienzklass erreechen a domadder an Zukunft manner Energie verbrauchen. Ab 2028 sollen all Neibaute beim CO2-Ausstouss als Null-Emissiounsgebaier gebaut ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un Madamm Ëmweltminister an un den Här Wunnengsbauminister stellen:

  • Wei ass Positioun vun der Regierung zu den neie Propositioune vu der EU-Kommissioun ?
  • Muss doduerch eis Gesetzgebung iwwert Energieeffizienz respektiv der performance énergétique vun de Gebaier verschäerft ginn ?
  • Wéi vill Gebailechkeete wiere vun dëse Mesuren zu Lëtzebuerg betraff ?
  • Ass Regierung bereet Primme fir Gebaier ze renovéieren an ze sanéiere substantiell no uewen unzepassen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar

Deputéierten

 

Zréck