Ass Regierung bereet dem chronesche Manktem u Kapazitéiten an de Bauschuttdeponien iwwert de Wee vu provisoreschen Tëschelager entgéintzewierken?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës urgent parlamentaresch Fro un Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden.

Et ass bekannt dat vill Dechargë fir Bauschutt hei am Land chronesch iwwerlaascht respektiv ganz zou sinn. Sou duerfen zum Beispill zu Housen just nach eng 500 Tonne Material pro Dag a pro Entreprise getippt ginn, Decharge zu Noutem ass ganz zou. Trotz der Urgence vun der Situatioun ass generell an der rezenter Vergaangenheet net vill um Niveau vun der Neiausweisung respektiv Erweiderung vu bestoende Bauschuttdeponië geschitt.

Fir de betraffene Bauentreprisë kuerzfristeg ze hëllefe kéinten als Noutléisung Tëschelager op Gréngflächen ageriicht gi wou Baufirmen den Iwwerschoss u Bauschutt kéinten zwëschenstockéiere fir dann deen Iwwerschoss a méi rouegen Zäiten definitiv op enger Bauschuttdeponie ze evakuéieren. Laut Artikel 12 (2) vum Naturschutzgesetz vun 2018 kann den Ëmweltminister eng Autorisatioun fir eng Decharge an der Gréngzone ausstellen: “En zone verte, l’installation et l’exploitation d’une décharge sont sujettes à une autorisation du ministre

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Ëmweltminister stellen.

  • Ass Regierung bereet dem chronesche Manktem u Kapazitéiten an de Bauschuttdeponien iwwert de Wee vu provisoreschen Tëschelager entgéintzewierken?
  • Wei eng Konditioune mussen erfëllt si fir dat an der Gréngzone en Tëschelager fir Bauschutt vu Säite vum Emweltministär erlaabt ka ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck