Ass et normal, dass de Minister Bausch sech an eng lafend strofrechtlech Prozedur amëscht ? Ass dat net een Ugrëff op d’Onofhängegkeet vun der Justiz ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 616

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir lech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an den Här Justizminister weiderzeleeden.

Um Internetsite guykaiser.lu huet de fréieren RTL-Chefredakter haut e Meenungsartikel mat folgendem Titel publizéiert: „Amëschung vum François Bausch an d’Justiz?“

An deem Artikel geet et ëm e Bréif, deen den deemolege Infrastrukturminister un d’Madamm Procureur général d’Etat adresséiert huet. Dora schreift den Infrastrukturminister ofschléissend :

« Permettez-moi de vous faire part de mon étonnement quant […] à la façon de procéder de M. le Premier Substitut dans cette affaire. »

Am Meenungsartikel heescht et doropshin :

„Wat sauer eropstéisst, ass, datt e Minister higeet a sech an eng laafend Prozedur vun der Justiz amëscht.“

Opgrond vun de beschriwwene Virgäng, wéilte mir folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

  • Sinn déi Häre Ministeren der Meenung, dass et normal ass, dass e Minister sech an eng lafend Affär amëscht oder huet e Minister sech an engem funktionéierende Rechtsstaat net aus enger lafender strofrechtlecher Prozedur erauszehalen?
  • Sinn déi Häre Minister net der Meenung, dass den Infrastrukturminister domat en Ugrëff op de Prinzip vun der Onofhängegkeet vun der Justiz begaangen huet respektiv Drock op d’Justiz gemaach huet ?
  • Ass d’Regierung net der Meenung, dass den Infrastrukturminister géint den Deontologieskodex vun de Regierungsmemberen verstouss huet?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Gilles Roth                                                 Martine Hansen                                                        Léon Gloden

Deputéierten                                            Deputéiert                                                                   Deputéierten

 

 

Zréck