Ass et normal dass grouss Gemengeflächen als „Lieu de distribution“ fir Maske, respektiv als Platz fir COVID-19 Tester genotzt ginn, ouni dass d´Gemengeresponsabel virdrun doriwwer a Kenntnis gesat oder gefrot gi sinn ? Gëtt de finanziellen Impakt op de Budget vun de concernéierte Gemenge kompenséiert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d´Madamm Gesondheetsministesch an un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Wärend dem Etat de Crise huet op ville Platzen am Land d´Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an dem Staat gutt a konstruktiv funktionéiert. Op zwou konkrete Platzen, zu Hesper um „P&R Sud“ an zu Esch-Uelzecht um „P&R Raemerich“ sinn awer grouss Gemengeflächen als „Lieu de distribution“ fir Maske, respektiv sollen als Platz fir COVID-19 Tester genotzt ginn, ouni dass d´Gemengeresponsabel virdrun doriwwer a Kenntnis gesat oder gefrot gi sinn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d´Ministerinne stellen:

  • Kënnen d´Madamme Ministeren dës Informatioune confirméieren? Wann jo, ass et normal, dass d´Regierung esou Decisiounen hëlt, ouni si virdru mat de concernéierte Gemengeresponsabelen ofzeschwätzen ? Gëtt de finanziellen Impakt op de Budget vun de concernéierte Gemenge kompenséiert ?
  • Wéi gesäit et par Rapport zu dësen Decisioune mat der Autonomie communale aus ? Gëllt déi och am Etat de crise ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies                                                              Georges Mischo

Deputéierten                                                             Deputéierten

 

Zréck