Ass et net méiglech, den Accès iwwert de Val de Scheid a Richtung vum Schaedhaff nees fir de mobiliséierte Verkéier opzemaachen, mä just a Richtung vum Schaedhaff?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Virun e puer Deeg konnt een an der Press liesen, datt verschidden Upassungs- respektiv Marquage-Aarbechten virum Rond-point Sandweiler a Richtung Sandweiler oder Contern solle gemaach ginn, fir de Réckstau a Richtung Iergäertchen ze reduzéieren. Dës Moossnam ass eng gutt a sënnvoll Äntwert op e Problem, deen sech iwwert Méint gestallt huet.

Fir d’Fluiditéit a Richtung Sandweiler, Contern an Izeg nach weider ze verbesseren, hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Ass et net méiglech, den Accès iwwert de Val de Scheid a Richtung vum Schaedhaff nees fir de mobiliséierte Verkéier opzemaachen, mä just a Richtung vum Schaedhaff?
  • Ass et net méiglech, op der Spuer kommend vum Schaedhaff a Richtung vum amerikanesche Kierfecht dës Spuer fir de Vëlo ze reservéieren an eng Sécurisatioun an der Mëtt vun der Strooss ëmzesetzen?

De Réckstau aus der ZAC Weiergewan zu Contern, dem Contournement a Sandweiler a Richtung vum Rond-point Sandweiler gëtt ëmmer méi laang, well dëse Rond-point och nom Ëmbau net optimal fonctionéiert. Et ass festzestellen, datt verschidde Chauffeuren mat der Verkéiersféirung net richteg eens ginn. Am Kader vun den Ëmbauaarbechten ass gesot ginn, datt och an dësem Rond-point eventuell Ampelanlage géifen opgestallt ginn.

An deem Kontext wollt ech folgend Fro un den Här Minister riichten :

  • Envisagéiert d’Administration des Ponts et Chaussées nach ëmmer d’Optioun, fir eng Ampel-Anlag an dësem Rond-point opzestellen, fir eng geuerdent Prioritiséierung z’erlaben?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

Zréck