Ass et méiglech, datt d’Utilisateure vum ëffentlechen Transport mat Zäit informéiert ginn wann et zu Ausfäll respektiv Retarde vun Zich kënnt? A wéi kiinnt een d’Leit méi séier a méi effikass informéieren?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 349

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

An de leschte Wochen a Méint si vill Froen zu Ausfäll respektiv Retarde vun Zich gestallt ginn an den zoustännege Minister weist ëmmer drop hin, datt dës leider op d’Iwwerlaaschtung vun de Gleiser wärend dem Ausbau vum Schinnereseau zréck ze féiere sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wann de Minister weess, datt et wärend den nächste Joren nach wäert zu Ausfäll a Retarde kommen, firwat ass et dann net méiglech, datt d’Utilisateure vum ëffentlechen Transport mat Zäit heiriwwer informéiert ginn, an net eréischt, wéi dat heefeg de Fall ass, wann se um Gleis stinn ze waarden?
  • Iwwert wéi ee Wee kéint een d’Leit méi séier a méi effikass informéieren
  • Kéint de Minister sech virstellen, de Leit Alternativen duerch Busser ze proposéieren, op deene Strecken op deenen et systematesch zu Ausfäll a Retarde kënnt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise HETTO

Deputéiert

Zréck