Ass d’Regierung op Grond vun de villen Suergen a Reklamatiounen vun de Bierger an de betraffenen Gemengen bereet, Upassungen bei der geplangter Naturschutzzone virzehuelen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

D’Naturschutzgesetz gesäit am Artikel 41 vir, dat am nationalen Interessi Naturschutzzonen kënnen iwwert e groussherzoglech Reglement ausgewise ginn, nodeems de Staatsrot säin Avis ofginn huet. An deem Fall ginn des Zonen als „utilité publique“ erkläert. Am Zesummenhang mat der geplangter Naturschutzzon am Trëntengerdall mat enger immenser Fläch vun 1.700 Hektar koum et an de leschten Deeg zu deels hefteger Kritik, well gefaart gëtt, dat eng Bewirtschaftung vum Agrarland, de Wéngerten an dem Bësch net méi méiglech wier, an esou z.B. d’Wéngerten verschwannen géifen.  An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch an un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

 

  • Ass d’Regierung op Grond vun de villen Suergen a Reklamatiounen vun de Bierger an de betraffenen Gemengen bereet, Upassungen bei der geplangter Naturschutzzone virzehuelen, ier d‘Reglement an d’Prozedur geet, fir de betraffenen Leit, virun allem awer de Baueren, Wënzer a Gäertner, nach Zukunftsperspektiven ze ginn?
  • Sinn déi 1.700 Hektar Deel vun der Fläch, déi am nationaler Naturschutzplang virgesinn ass, fir d’Zil vun 30 Prozent vun der Landesfläch als Schutzzon auszeweisen?
  • Riskéieren déi betraffe Leit ënner Ëmstänn enteegent ze ginn, wann d’Zil vun den 30 Prozent net erreecht ginn?
  • Wéi enge Reegelen gëtt d’Bewirtschaftung vun de betraffenen klasséierten Flächen an Zukunft ënnerluecht?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Octavie Modert

Léon Gloden

Max Hengel

 

Zréck