Ass d’Regierung der Meenung, dass eng Reguléierung vun der kënschtlecher Intelligenz noutwenneg ass?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Digitalisatioun weiderzeleeden.
Zënter „ChatGPT“ vum amerikanesche Startup „OpenAI“ eng Partie Exame vun engem Droit-Studium an den USA gepackt huet, ass déi sougenannte kënschtlech Intelligenz mat hire méiglechen Auswierkungen op den Alldag vun de Leit och zu Lëtzebuerg en Theema.
An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Digitalisatioun riichten:
Wéi positionéiert sech d’Regierung par Rapport zu sougenannte kënschtlechen Intelligenzen?
Ass d’Regierung der Meenung, dass eng Reguléierung vun der kënschtlecher Intelligenz noutwenneg ass?
Wa jo, wéi wëll d’Regierung sou eng Reguléierung ugoen?
Wann net, firwat net?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz Diane Adehm
Deputéierten Deputéiert

Zréck