Ass d’Regierung bereet, fir de Baueren an den Ziichter an Zukunft Ouermarken a verschiddene Gréissten zur Verfügung ze stellen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Et ass gesetzlech virgeschriwwen, dat d’Notzdéieren mussen zwou Ouermarken hun. Am Géigesaz zu eenzelen Nopeschlänner gëtt et zu Lëtzebuerg anscheinend just eng Gréisst vun Ouermarken. Bei méi klengen Déieren, wéi beispillsweis bei gewëssen méi kleng Geessen- a Schoofsrassen, kann dat zu Problemer féieren. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Kënnt Dir bestätegen, dat et just eng Gréisst vun Ouermark zu Lëtzebuerg gëtt?
    • Wa jo, firwat ginn et net och méi kleng Ouermarken?
  • Ass d’Regierung bereet, fir de Baueren an den Ziichter an Zukunft Ouermarken a verschiddene Gréissten zur Verfügung ze stellen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck