Ass den Här Minister sech bewosst, dass duerch d’Schwieregkeeten am ëffentlechen Transport am Raum Nordstad vill Jugendlecher (mussen) op den Auto zeréckgräifen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Zënter der Schoulrentrée héiert een ëmmer erëm vu Schwieregkeete beim Schülertransport am Norde vum Land. Eisen Informatiounen no ass et aktuell déi nei „Ligne scolaire A06“ vu Géisdrëf (Gemeng) op Clierf (Gare/Lycée), op där et reegelméisseg zu Problemer a Verspéidunge kënnt, well bestëmmte Chauffeuren de Wee net kennen, falsch fueren a mam Bus voller Schüler d’Kéier musse maachen, fir sou nees op den Tracé vun der Linn zréckzekommen. Mam Resultat, dass d’Schüler ze spéit an de Lycée kommen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Kann den Här Minister déi beschriwwen Orientéierungsproblemer vu bestëmmte Chauffeuren op der Schoultransport-Linn A06 confirméieren?
    • Wa jo, wéi eng Demarche si beim Exploitant vun der Linn gemaach gi respektiv virgesinn, fir sécherzestellen, dass et net méi zu Verspéidunge kënnt, well de Chauffeur de Verlaf vun der Streck net kennt?
  • Ganz allgemeng, iwwer wéi eng Prozedur gëtt séchergestallt, dass d’Chauffeure vun den Exploitante vun RGTR- an/oder Schoultransport-Linnen de Verlaf vun hirer jeeweileger Streck kennen?

Schonns den 21. September 2022, direkt no der Schoulrentrée, hate mir eis an enger urgenter Fro (d’Urgence war iwwregens net unerkannt ginn) iwwer gréisser Schwieregkeete beim Schülertransport an der Nordstad (Ettelbréck an Dikrech) renseignéiert an no Léisunge gefrot. Well an der Äntwert op dës parlamentaresch Fro mat der Nummer 6877 net all Punkte beäntwert gi sinn, wéilte mir folgend Froen nach eng Kéier un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Ass den Här Minister sech bewosst, dass duerch d’Schwieregkeeten am ëffentlechen Transport am Raum Nordstad vill Jugendlecher (mussen) op den Auto zeréckgräifen?
  • Ass den Här Minister gewëllt, déi Jugendlech, déi sech net kënnen op de Schoultransport verloossen, op déi eng oder aner Aart a Weis z’ënnerstëtzen ?
    • Wa jo, wéi géif dës Ënnerstëtzung ausgesinn ?
    • Wann net, firwat net ?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                                 Aly Kaes

Co-Fraktiounspresidentin                                                   Deputéierten

Zréck