Ass den CGDIS ënnerbesat?Feelt et souwuel u berufflechem, wéi och u benevollem Personal fir déi deeglech Erausfuerderungen ze meeschteren?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP789

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Inneministesch weider ze leeden.

 

Laut eisen Informatioune feelt et a ville CGDIS`en souwuel un berufflechem Personal wei och un Benevolle fir di deeglech Erausfuerderungen ze meeschteren.

 

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d‘ Madamm Inneministesch stellen;

  • Wei vill berufflecht Personal gouf bis elo rekrutéiert?
  • Wei vill Leit sollen dëst Joer agestallt ginn?
  • A wei enge Zentere sinn si affektéiert ginn?
  • Wei well d´Madamm Ministesch de Rekrutéierungsproblem léisen?
  • Ass e Joresplang virgesi wei soll rekrutéiert ginn?
  • Gesäit d‘ Regierung vir sech méi finanziell Mëttelen ze ginn fir de Corps ze verstäerken?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Françoise Hetto

Députeierten

Zréck