Ass den Artikel 8 vum groussherzoglechem Reglement vum 16 November 1998 “fixant les mesures d’exécution relatives aux logements locatifs, aux aides à la pierre ainsi qu’aux immeubles cédés sur la base d’un droit d’emphytéose et d’un droit de superficie” nach ugepasst ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Mietwunnenge bei den ëffentleche Bauträger un Madamm Logementsminister weiderzeginn.

 

Den Artikel 8 vum groussherzoglechem Reglement vum 16 November 1998 fixant les mesures d’exécution relatives aux logements locatifs, aux aides à la pierre ainsi qu’aux immeubles cédés sur la base d’un droit d’emphytéose et d’un droit de superficie, prévus par la loi modifiée du 25 février 1979 concernant l’aide au logement gesäit fir dass:

 

“En cas de vacance d’un logement, le ménage-bénéficiaire est choisi parmi les ménages qui ont fait une demande et auxquels ce logement est adapté.

Par logement adapté on entend un logement qui comprend:


une chambre à coucher par personne âgée de douze ans ou plus, ou par couple;

une chambre à coucher par deux enfants de moins de douze ans.
Un enfant handicapé peut, indépendamment de son âge, occuper seul une chambre à coucher si un certificat médical établit cette nécessité.“

 

Duerch de Mangel un disponibele Wunnenge fir Locatioun bei de Promoteur public musse Famille mat méi wei zwee Kanner dacks Joere waarde fir an de Genoss vun enger passender Wunneng ze kommen.

Och wann am Moment vun der Demande d’Kanner manner wéi 12 Joer al waren, sou kann et awer virkommen dass an där Famill Kanner bäikomme respektiv Kanner iergendwann méi al si wei 12 Joer. An dësem Fall bräicht déi betraffe Famill net méi eng Wunneng vun dräi Schlofkummere mä minimum véier Kummeren.

Ofgesi vun engem méi heige Loyerspräis déi dës Famill misste fir eng Wunneng mat minimum 4 Kummere bezuelen, riskéiere sie eidel auszegoen a weiderhin an enger prekärer Situatioun mussen ze liewe vue que dass Promoteur publique jo net sou vill grouss Wunnengen an hirem Besetz hunn an an dësem Fall ausserdeem keng Wunnengen dierfe proposéieren déi keng 4 Kummeren huet

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen um Madamm Logementsminister riichten

 

·         Ass Madamm Minister sech dëser Problematik bewosst.

·         Ass Madamm Minister der Meenung dass d‘Reglung wei se am Artikel 8 vum vum groussherzoglechem Reglement vum 16. November 1998 virgesinn ass an Zäite vun akutem Mangel un ëffentleche Mietwunnengen nach ugepasst ass?

·         Wier et net sënnvoll d‘Alterskonditioun ab wéini een eng zousätzlech Kummer brauch vun 12 op 18 Joer eropzesetzen?

·         Wéi eng aner Solutioune ginn envisagéiert fir der uewegenannte Problematik entgéintzewierken

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies                                          Françoise Hetto

 

Deputéiert

Zréck