Ass de Bréif vun der Familljeministerin un de Geschäftsverband konform zum Deontologie-Kodex ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister weider ze leeden.

 

An engem Bréif un de Stater Geschäftsverband beschwéiert sech d‘Madamm Familljeminister an hirer Funktioun als Ministesch iwwert d’Auswierkunge vum Tramschantier op hiren eegene Familljebetrib a werft der Union Commerciale Inaktivitéit fir. Et géif keng positiv Kommunikatioun gi fir Geschäfter, déi vum Tram-Chantier betraff wieren. Si kéint dem Geschäftsverband awer hëllefe, wann dat da gewënscht wier.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Staatsminister folgend Froe stellen:

 

·         Ass d’Verhale vun der Madamm Minister konform zum Deontologie-Kodex fir Regierungsmemberen?

 

·         Wa jo, ass den Här Staatsminister net der Meenung, dass de Code de déontologie misst op verschiddene Punkte verschäerft a méi kloer ginn?

 

·         Wa nee, wéi eng Konsequenzen zitt den Här Staatsminister aus dësen net akzeptabele Virgäng?

 

·         Ass den Här Staatsminister gewëllt, den Comité d’éthique, esou wéi en am Deontologie-Kodex virgesinn ass, mat dëser Affär ze befaassen ? Wa nee, firwat net ?

 

·         Wéi gesäit den Här Staatsminister grondsätzlech d’Antrieden vu Regierungsmemberen fir Privatzwecker mat engem But de lucre? Wat si seng politesch Iwwerleeungen, fir sou Situatiounen an Zukunft ze verhënneren?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Diane Adehm

Députéiert

Zréck