Ass d’Autosuffisance u Bluttkonserven hei am Land nach ëmmer garantéiert?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 81 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un d’Madame Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

An onser parlamentarescher Fro vum 4. Mee hu mir d’Madame Gesondheetsministesch gefrot, ob d’Versuergung mat Bluttkonserve kuerz- a laangfristeg garantéiert wier, dëst well d’Croix Rouge em déi Zäit en als urgent betitelte Bréif u seng Donateure verschéckt huet, fir si z’invitéiere Blutt spenden ze goen an esou ze hëllefen, déi historesch niddreg Bluttreserven erëm opzestocken. An der Äntwert op ons parlamentaresch Fro huet d’Madame Gesondheetsministesch verséchert, dass d’Autosuffisance hei am Land garantéiert wier, obwuel d’Croix Rouge nach ëmmer de selwechten als urgent betitelte Bréif u seng Membere schéckt fir se un d’Bluttspenden ze kréien.

An dem Zesummenhang, géing ech gär folgend Froen un d’Madame Gesondheetsministesch stellen:

  • Wëssend, dass d’Croix Rouge de selwechte Bréif nach ëmmer verschéckt, ass d’Autosuffisance u Bluttkonserven hei am Land nach ëmmer garantéiert?
  • Wa jo, firwat gëtt de selwechte Bréif nach ëmmer un d’Donateuren geschéckt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert a Co-Fraktiounspresidentin

Zréck