An der Ulaf-phase vum medezinesche Cannabis Enn 2018 war et aus logistesche Grënn net méiglech all Ueleger ze kréien. Et kann een domadder rechnen, sou de Gesondheetsminister, dass am leschte Semester vun 2019 dann elo all des Produiten och an de Spidolsapdikten ze kréien sinn.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°524 iwwer de medezinesche Cannabis huet den Här Minister matgedeelt:

„An der Ulaf-phase vum Cannabis médicinal Enn 2018 war et aus logistesche Grënn net méiglech all Ueleger ze kréien. Des Produiten sinn awer elo an engem Marché Public, dee viru kuerzem publizéiert gouf, mat virgesinn. Sou dass ee kann domat rechnen dass am leschte Semester vun 2019 all des Produiten och an de Spidolsapdikten ze kréien sinn.“

Duerfir wéilt ech folgend Fro un de Minister stellen:

  • Kann de Minister dës Informatiounen nach eng Kéier bestätegen, och virum Hannergrond vun Liwwer-Enkpäss bäi medezineschem Cannabis ënnert Form vu Bléien ? Bis wéini genee kënne d’Patienten mat medezineschem Cannabis ënnert Form vun Ueleger rechnen?
  • Bis wéini leeft de Moratoire un d’Adress vun den Dokteren fir kee medezinesche Cannabis un nei Patienten ze verschreiwen?
  • Wéi eng Quotaen huet de Gesondheetsministère beim Import vu medezineschem Cannabis ze respektéieren?
  • Wéi eng Quantitéiten u medezineschem Cannabis an ënnert wéi enger Form (Bléien, Ueleger etc.) wäerten dem Appel d’offre vum Gesondheetsministère no bis Enn 2020 op Lëtzebuerg geliwwert ginn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck