Am Kontext vun der Digitaliséierung vun der Schoul, envisagéiert de Minister fir och den Enseignantë aus dem Fondamental informatescht Material zur Verfügung ze stelle fir datt si net mussen op hir privat Laptop’en/Ipad mussen zeréck ze gräifen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir d’Edukatioun.

 

D´Schoulenseignants am Fondamental kréien, am Geigesatz zum Personal am Sekondär keen technescht Material wei z.B Ipad oder Laptop zur Verfügung gestallt. D’Enseignant mussen do op hir privat Ipad/Laptop zeréck gräifen.

Och wann si am Klassesall e fixe Computer zur Verfügung hunn, esou preparéieren si awer villes doheem, wat si dee Moment dann op hirem privaten Ipad/Laptop späicheren. Niewend der Fro vum Dateschutz wann dëst Material um private Laptop/Ipad steet, besteet e weidere Probleem doranner datt d’Enseignantë mat hirem private Laptop oft keen Accès op den Wifi vun der Schoul hunn.

Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froen un de concernéierte Minister stellen:

  • Kann de Minister dëst confirméieren ?
  • Am Kontext vun der Digitaliséierung vun der Schoul, envisagéiert de Minister fir och den Enseignantë aus dem Fondamental informatescht Material zur Verfügung ze stelle fir datt si net mussen op hir privat Laptop’en/Ipad mussen zeréck ze gräifen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

Françoise Hetto

Deputéiert

Zréck