Am Kontext vun der Coronakris hunn divers Regierungsvertrieder de Leit erkläert si kéinten aplaz Schutzmasken och e Buff oder änleches droen. Dofir krut oder kritt all Schüler vun der Regierung 2 Buffen zur Verfügung gestalt. Wéi fiabel sinn déi Buffen, a ginn se de Schüler déi néideg Protectioun?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weiderzeleeden.

Am Kontext vun der Coronakris hunn divers Regierungsvertrieder de Leit erkläert si kéinten aplaz Schutzmasken och e Buff oder änleches droen. Dozou sief och bemierkt, dass all Schüler 2 Buffen vun der Regierung zur Verfügung gestalt krut oder kritt.

An der Froestonn geschter sot den Här Bildungsminister, dass si d’Qualitéit vun deene Buffen net getest hunn an hie géif och dovunner ofroden, se sou oft ze diebelen bis se dicht sinn, well ee soss Otmungsproblemer kéint kréien.

Um offizielle Site vu Buff heescht zu hirem Produit:

„Obwohl unsere multifunktionalen Kopfbedeckungen die gesamte Vorderseite des Gesichts (Nase, Mund, Kinn und Hals) bedecken, ist wissenschaftlich nicht erwiesen, dass sie die Ansteckung oder die Übertragung eines Virus, einer Krankheit oder eines Leidens auf andere Personen verhindern.“

D’Regierung huet jo oft gewarnt, dass d‘Droe vu Schutzmasken de Leit eng falsch Sécherheet kéint vermëttelen. An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro liesst een niewebäi Folgendes zum Droen vu Masken:

„Il est également important d’informer la population sur les limites de protection qui concernent le porteur du masque même, et la nécessité de respecter en toute occasion les autres consignes d’hygiène et de distanciation interpersonnelle.“

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froen un den d’Madamm Minister stellen:

  • Wéi kann d‘Regierung d’Leit dozou ermuddegen e Buff ze droen, wa souguer de Produzent selwer schreiwt, dass et net wëssenschaftlech erwisen ass, dass dës Gesiichtsbedeckung hëlleft d’Iwwerdroen vum Coronavirus ze verhënneren? Oder op wéi eng wëssenschaftlech Studien huet sech d’Regierung bei hiren Aussoen baséiert?
  • Stinn d’Aussoen vun der Regierung am direkte Widdersprooch zu anere Regierungsaussoen iwwert eng falsch vermëttelt Sécherheet?
  • Hätt d’Regierung änlech wéi se dat de Gemenge virgehalen huet d’Leit net besser missen iwwer d’Limiten vum Droen vun de Buffen informéieren?
  • Wéi bewert d’Madamm Minister deemno d’Verdeelen vu Buffen un d’Schüler? Sinn d’Schüler iwwer d’Limiten dovunner informéiert ginn? Deelt d’Madamm Minister folgend Aussoen betreffend d’Buffen vum Bildungsminister: „Was die Sicherheit betrifft, ist es nichts anderes als ein Mundschutz“?

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

 

Francoise Hetto

Deputéierten

 

 

Gilles Roth

Deputéierten

 

 

 

Zréck