Am Kader vum Reamenagement vun der fréierer Cité Militaire zu Dikrech soll de Bâtiment administrativ op 2, rue Clairefontaine, an deem an de läschte Joren ëmfangräich Investitioune getätegt goufen, ofgerappt an duerch ee Bâtiment à usage mixte administratif a commercial ersat ginn.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 679

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert dei fréierer Cité Militaire zu Dikrech un den Här Minister vun den ëffentleche Baute weider ze leeden.

De 5. Juli 2017 huet de deemolege Wunnengsbauminister Konzept vum Reamenagement vun der fréierer Cité Militaire zu Dikrech presentéiert. Op dësem Site sollen ënnert anerem och 150 abordabel Wunnengen entstoen.

Laut mengen Informatiounen ass an dësem Projet och riets de Bâtiment administrativ op 2, rue Clairefontaine, an deem an de läschte Joren ëmfangräich Investitioune getätegt goufen, erofzerappen an duerch ee Bâtiment à usage mixte administratif a commercial ze ersetzen.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Minister vun den ëffentleche Baute gär folgend Froe stellen:

 

  • Kann den Här Minister informéiere wei vill Suen an der Vergaangenheet an dat administrative Gebai op 2, rue Clairefontaine investéiert gi sinn ?

 

  • Ass de Zoustand vun dësem Gebai op 2, rue Clairefontaine sou schlecht, dass den Neibau sech wirtschaftlech géif justifizéieren ?

 

  • Bleiwen déi verschidde Verwaltungen déi an der fréierer Cité Militaire ugesiedelt si wärend der Bauphase weiderhin zu Dikrech oder ginn dës wärend dëser Zäit op aner Platzen am Land verlagert ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Ali Kaes

Député

Zréck