Aktualiséierong vum nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen: leeft eng Prozedur fir d’lëtzebuerger Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiesen als immateriellt Kulturierwen unzerkennen?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 3918

 

Här Chamberspresident,

 

esou ewéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech dës Froen iwwert eng Unerkennong vum Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiesen un den Här Kulturminister ze ginn.

An Ärer Äntwert vum 9. Oktober 2017 op meng parlamentaresch Fro vum 25. August 2017 (n° 3245) iwwert d’Unerkennong vum Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiese schreift Dir datt dëst kéinten « (…) als nationale materiellen an immaterielle kulturelle Patrimoine unerkannt ginn, wa si déi legal Konditiounen dofir erfëllen. »

Dir schreift och, datt « (…) dat europäescht Kulturierfschaftsjoer 2018 bitt Geleeënheet zur weiderer Unerkennong a Valorisatioun vun alle Formen vu Kulturierwen, dorënner immateriellt Kulturiewen a Patrimoine mobilier (…) »  an datt de Kulturministär ee Conservateur vum Service des sites et monuments nationaux gefrot huet fir den nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen z’aktualiséieren.

An deem Kader géif ech dem Här Kulturminister gären dës Froe stellen :

  • Wou ass d’Aktualiséierong vum nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen drun ? Wéini soll déi Aktualiséierong fäerdeg sinn ?
  • Leeft eng Prozedur fir d’lëtzebuerger Volleksfest-, Kiermes- a Forainswiesen iwwert den nationalen Inventaire offiziell als immateriellt Kulturierwen unzerkennen, esou wéi Frankräich dat mat der « culture vivante de la fête foraine » gemaach huet ? Deelt Dir meng Meenong, datt dës Démarche grad am europäesche Kulturierfschaftsjoer, Sënn maache géif ?
  • Wann nach keng esou eng Démarche géif lafen, kënnt Dir mir d’Grënn dofir soen ?

 

Här Chamberspresident, mat mengem déifste Respekt,

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck