Afrikanësch Schwéngspescht : Wéi eng Mesure gi geholl a wéi gesäit et mat der Bejoung vun de Wëldschwäin aus ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 16

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi afrikanesch Schwengspescht un den Här Landwirtschaftsminister an un Madame Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Zënter di afrikanesch Schwengspescht den 13. September an der Belsch konstatéiert ginn ass sinn an eisem Nopeschland eng selleg Mesuren ënnerholl gi fir datt dës Krankheet net méi viru geet. Och wann nach kee Fall vun der afrikanescher Schwengspescht hei am Land nogewise ginn ass sou sinn zu Lëtzebuerg Preventiounsmesurë getraff gi fir ze verhënneren datt de Virus sech verbreet. Dëst ass virun allem fir eis Schwengsproduzente wichteg, fir Kontaminatioune vum Virus mat den Hausschwäin ze verhënneren.

Fir géint Schwengspescht virzegoe prekoniséiert den EU- Gesondheetskommissär eng staark Bejoung vun de Wëllschwäin.

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madame Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen.

 

·         Wat gesäit Lëtzebuerg um Niveau vun der Bejoung vu Wëllschwäi fir? Wat ass bis elo konkret op dësem Niveau ënnerholl ginn?

 

Laut mengen Informatiounen ass de Präis fir Wëllschwäifleesch zur Zäit esou niddreg, datt den Ureiz fir se ze schéissen de Moment extrem niddreg ass.

 

·         Kann Regierung mir dës Informatioune bestätegen ? Wat gesäit Regierung fir, fir desen Emstand kuerzfristeg ze behiewen a Populatioun vu Wëllschwäin ze reduzéieren ?

 

·         Wéi vill dout Wëllschwäi goufe bis elo fonnt déi net am Kader vun enger Juegd erluecht goufen? Sinn Analyse vun dëse Schwäi gemaach ginn? Wat ware Resultater?

 

·         Wär et net sënnvoll eng gezielt Campagne ze maache fir de Wëldverkaaf, Fleesch aus eise Bëscher, gezielt ze fërderen ?

 

Laut Communiqué de presse vum 18. September 2018 gesäit de Landwirtschaftsministère als zousätzlech Mesure fir Verbreedung vun der afrikanescher Schwengspescht anzedämmen eng « Réactivation et mise aux normes des centres de collecte pour le gibier » fir. Laut mengen Informatioune entspriechen eng Partie vun dësen Sammelplazen nach ëmmer net den noutwendegen hygienesche Virschrëften. Desweidere sinn net genuch esou eng Sammelplazen ageriicht ginn.

 

·         Ween ass fir “mise aux normes des centres de collecte pour le gibier ” zoustänneg? Firwat ass zenter dem Communiqué vum 18. September dess “mise en conformité” nach net gemaach ginn? Firwat sinn keng zousätzlech Sammelplaze geschaafe ginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

Zréck