Ab de 25. Mee sollen d’Aktivitéiten um Niveau vum Cycle 1 vun der Spillschoul bis hin zu de Kompetenzzenteren nees opgeholl ginn. D’Reprise stellt esouwuel fir d’Léierpersonal, wéi och fir d’Kanner a fir d’Elteren eng grouss Erausfuerderung . Dës Erausfuerderung ass ëmsou méi grouss wann Kanner betraffe sinn, déi speziell Besoinen hunn. An deem Kontext stellen sech awer nach eng Partie Froen.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Edukatiounsminister iwwert Kanner mat spezifesche Besoinë virun ze leeden.

Ab de 25. Mee sollen d’Aktivitéiten um Niveau vum Cycle 1 vun der Spillschoul bis hin zu de Kompetenzzenteren nees opgeholl ginn. D’Reprise stellt esouwuel fir d’Léierpersonal, wéi och fir d’Kanner a fir d’Elteren eng grouss Erausfuerderung . Dës Erausfuerderung ass ëmsou méi grouss wann Kanner betraffe sinn, déi speziell Besoinen hunn. D’Organisatioun an d’Modalitéite vun der Reprise sinn deemno besonnesch wichteg do wou ee mat dëse Kanner schafft fir de Succès vun der Reprise z’assuréieren.

An senger Pressekonferenz vun leschte Freiden, ass den Här Educatiounsminister ob dës Aspekter agaangen. Et bléiwen awer nach Froen ob an déi wéilt ech dem Här Educatiounsminister hei stellen :

  1. Wien ersetzt d’Enseignantë, déi am Fondamental am Kader vun de sougenannten ESEB („équipes de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques“) fir d’Prise en charge fir Kanner mat spezielle oder spezifesche Besoinen zoustänneg si, falls ee betraffenen Enseignant vulnerabel ass an zou de Risikokatégorië vu Leit gehéiert, déi am meeschte mat Komplikatiounen am Kader vun enger Infektioun mam Covid-10 Virus ze rechnen huet?
  2. Ass ob alle Fall den Encadrement vun de Schüler duerch d’ESEBë bzw duerch Personal, deen am Gebitt vun der schoulescher Integratioun vu Kanner mat bestëmmte Bedierfnisser spezialiséiert sinn, assuréiert?
  3. Si fir d’Enseignantë vun dee betraffene Kanner genee an detailléiert Consignen erausgaangen, déi hinne hëllefen sollen ob der enger Säit de Kanner ënner anerem di néi Sécherheetsconsignë besser z’erkläre fir eng gréisser Akzeptanz an ob der anerer Säit fir den Oflaf vu de Schoulstonne besser z’organiséieren?
  4. Sinn d’Elteren am Virfeld iwwert dës informéiert ginn ?
  1. Wa kéng kloer Consignë bis elo erausgaange sinn, ass den Här Minister net der Meenung, dass awer esou Consignë wichteg si fir d’Enseignantë op dat hinzeweisen ob wat si extra oppasse mussen, wéi och fir d’Elteren, fir dass déi hir Kanner ob di ongewinnte Situatioun virbereeden kënnen? Wäerten nach esou Consignen erausgoen a wa jo wéini genee?
  1. Ass et realistesch, dass all di betraffe Kanner à même wäerte sinn d’Sécherheetsmoossnamen ze verstoen an anzehalen ? Wann dat net de Fall ass, huet de Ministère sech scho Gedanke gemaach wéi een am beschte verfuere sollt? A wa jo, wat sinn d’Léisungen déi dem Ministère virschiewen ?

 

  1. Ass eng Dispens ee Wee deen sech den Här Minister kéint virstellen, wa Kanner manifestement net à même si fir d’Sécherheetsnormen ze verstoen an unzewenden , wann di betraffen Elteren, déi mam beschten hir Kand kënnen a wësse wat si hinnen zoumoute kënnen oder net, domatter d’Accord sinn ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Députéiert

Zréck