Ausbau vun der Offer u Lëtzebuergeschcoursën

Eng parlamentaresch Fro vum Députéierten Marc Spautz un d’Madame Minister vun der Edukatioun an der Beruffsausbildung esou ewéi un d’Madame Minister vun der Famill an der Integratioun

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer Lëtzebuergeschcoursën, déi hei am Land ugebuede ginn, un d’Madame Minister vun der Edukatioun an der Beruffsausbildung esou ewéi un d’Madame Minister vun der Famill an der Integratioun, weiderzeginn.

D’lëtzebuergesch Sprooch huet am Laaf vun deene leschte Joeren hei heem an esouguer an der Groussregioun eng grouss Bedeitung krut. Esou ginn et ëmmer méi auslännesch Matbierger, déi hei wunnen a Leit aus de Grenzegiounen, déi bei äis schaffe kommen, déi gäre Lëtzebuergesch léiere wëllen, sief dat well si sech besser hei zu Lëtzebuerg integréiere wëllen oder awer fir hir Chance ze vergréissere fir eng Plaz op eisem Aarbechtsmaart ze fannen. An der Zweschenzäit ginn et och eng Hellewull vu Méiglechkeete fir Lëtzebuergesch léieren ze kënnen. Allerdéngs schéngt et ewéi wann d’Offer u Lëtzebuergeschcoursën net méi mat där grousser Nofro vun esou Coursën nokënnt, wat dozou féiert, datt net jiddfereen, dee gären eis Sprooch léiere wëll, dat och maache kann. 

An deem Kader, willt ech der Madame Minister vun der Edukatioun an der Beruffsausbildung esou ewéi der Madame Minister vun der Famill an der Integratioun dës Froe stellen:

  • Dir Dammen Ministeren, kéint Dir mir déi exakt Zuel vu Lëtzebuergeschcoursën matdeelen, déi vu staatlechen a privaten Instanzen uerchtert d’Land ugebuede ginn? Zu wéi engen Auerzäiten a Wochendeeg ginn dës Coursën ugebueden?
  • Dir Dammen Ministeren, kéint Dir mir soen ob d’Regierung plangt, déi ëffentlech Offer u Lëtzebuergeschcoursën erop ze setzen, fir datt op déi grouss Nofro reagéiert ka ginn ?
  • Dir Dammen Ministeren, mengt Dir net, datt et gutt wär d’Gemengen an d’Betrieber aus dem Privatsektor nach méi staark ze ënnerstëtzen, fir datt si hire Mataarbechter respektiv Awunner genuch Lëtzebuergeschcoursën ubiddekënnen ?

Här President, ech bieden Iech mäin deiwste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Députéierten
Zréck