Problemer zu Eechternoach mat der “A la Petite Marquise”

Eng parlamentaresch Ufro vum Deputéierten Fernand Boden un den Här Innenminister an d’Madame Kulturministesch







Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Ufro un den Här Innenminister an d’Madame Kulturministesch weider ze leeden.

D’Moartplaz zu Eechternoach ass een voan de schinnste Plazen am ganze Land. Sie läit am Häerz voan der Kultur- an Tourismusstad Eechternoach a gëtt voa ville Leit beséicht a bewonnert.

Zënter Joaren awer gëtt et e Schandfleeck op deser schinner Plaz an zwar d’Gebäi “A la Petite Marquise”. Fréier woar dest Gebäi e beléiften Treffpunkt fir Jonk an Al, haut verfällt a verkömmt et ëmmer méi. Et ass net nëmmen net schinn oanzekucken, mee et ass och zu eener richteger Plo geen fir d’ganz Noperschaft.

Des Situatioun ass onhaltbar a muss esou schnell wéi méiglech en Enn kréien. D’Beméiunge voan der Gemeen Eechternoach an deser leideger Affär komme net richteg viroan a scheinen an eener Saackgaass ze sënn.

  • Dofir froen ech d’Regierung op Sie hei Interventiounsméiglechkeete gesäit oder hoat?















  • Wa jo, watfireen Méiglechkeete sënn dat an ass d’Regierung bereet déi dofir néideg Schrëtt méiglechst schnell an d’Wee ze leeden?










Matt déiwem Respekt,
 
Fernand Boden
Deputéierten
 

 

Zréck