L’introduction du nouveau passeport biométrique luxembourgeois

Une question parlementaire de Monsieur le député Marc Spautz à Monsieur le Ministre des Affaires Etrangères

Här President,

Ech géif Iech bieden, dës parlamentaresch. Fro, un den Här Ausseminister virunzeleden.

Op de Lëtzebuerger Päss sinn eng Rei Informatiounen a Lëtzebuerger Sprooch ze fannen. Net nemmen ass den Titulär vum Pass och op Lëtzebuergesch identifizéiert, mee hannen am Pass stinndoriwer eraus Instruktioune fir den Titulär.

Zwar hu mer vläicht an eiser Sprooch keen egene Fachausdrock fir aIl diplomatesch a juristesch Eventualitéiten, mee verschidde Saache loossen sech dach op eng vill méi gewielte Manéier formuléieren, wéi daat an der Passnotiz de Fall ass. Sou zum Beispill ass et net terribel erbaulech, ze liesen, et wir verbueden, “egal waat un de Säiten ze änneren” (sic), an deess nach méi.

Ech wollt duerfir vum Här Ausseminister wëssen ob d’Ausgab vun dene neie Päss net defInitiv eng gutt Geleeënheet wir, fir daat Lëtzebuergesch, waat drop ze liese steet, nokucken a verbesseren ze loossen – an deervir ze suergen, datt och de Lëtzebuerger Text um Pass op engem sproochleche Niveau verfaasst ass, deen dem Dokument entsprécht, an deem een e fënnt.

Mat déiwem Respekt.

Marc Spautz
Député

Zréck