A punkto Steierreform wieren am Finanzministère Aarbechtsgruppen op d’Bee gesat ginn, fir zesummen mat de betraffene Verwaltungen d’Reform ze preparéieren, an der Optik eng eenzeg Steierklass anzeféieren.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 639

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Steierreform un den Här Finanzminister ze riichten.

 

Laut Informatioune vu rtl.lu hätten d’Aarbechte fir eng Steierreform, fir eng eenzeg Steierklass ugefaangen. Am Finanzministère wieren Aarbechtsgruppen op d’Bee gesat ginn, déi zesumme mat de betraffene Verwaltungen d’Reform solle preparéieren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Finanzminister riichten.

 

  • Kann de Här Minister dës Informatioune confirméieren ?
  • Wéi vill Aarbechtsgruppe ginn agesat a wat ass Ziel vun dësen Aarbechtsgruppen ?
  • Gett op enger thematesche Basis geschafft a wa jo op wei engen Themen ?
  • Wéi sinn dës Aarbechtsgruppen zesumme gesat ? Bestinn dës Aarbechtsgruppen aus Beamten a wa jo aus wéi enge Ministèren ? Sinn och Leit aus der Privatwirtschaft un den Aarbechtsgruppen bedeelegt a wa jo op wéi enger Basis goufen dës Leit eraus gesicht ?
  • Kann de Minister confirméieren, dass eng vun de Virgaben ass, dass eng eenzeg Steierklasse kënnt ?
  • Stemmt et dass kee Steierzueler an Zukunft méi bezilt wéi bis elo ?
  • Wei gesäit Zäitschinn vun den Aarbechtsgruppen aus ? Stemmt et dass d’Reform wéinst der technescher Komplexitéit 4 bis 5 Joer wäert daueren ?
  • Ass geplangt dass virun de Wahlen 2023 konkret Propositioune presentéiert ginn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck