3 Joer nom Akraafttrieden vum 2018er Naturschutzgesetz gouf dat groussherzoglecht Reglement iwwer Bauen an Opriichten an der Gréngzone nach ëmmer net adoptéiert a publizéiert.

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden. 

Den Artikel 6 vum Naturschutzgesetz vum 18. Juli 2018 leet d’Reegelen fest, ënnert deenen an der Gréngzone ka gebaut ginn. 

Am Paragraf 1, Alinea 4, Punkt 7° vun deem Artikel steet ze liesen :

« Un règlement grand-ducal détermine les dispositions à respecter relatives aux dimensions, au nombre, à la surface, à l’implantation, à la durabilité et à l’intégration des constructions. »

Mengen Informatiounen no ass dëst Reglement bal 3 Joer nom Akraafttrieden vum 2018er Naturschutzgesetz nach ëmmer net adoptéiert a publizéiert ginn. 

Ech wéilt duerfir folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen :

– Op wat baséiert d’Madamm Ministesch hir Decisiounen wat d’Dimensiounen, d’Unzuel, d’Gréisst, d’Implantatioun asw vun deene Bauten ubelaangt ? 

  • Ginn et an där Hisiicht ministeriell Instruktiounen, Orientatiounen oder änleches ? 
  • Wa jo, wéi eng sinn dat ? Ass d’Madamm Ministesch gewëllt, dës Informatiounen ëffentlech ze maachen ? Wann net, firwat net ? 

– Wat Konstruktiounen zu Juedgzwecker ubelaangt, beseet de Paragraf 1, Alinea 4, Punkt 5° vum Artikel 6, dass :

« (…) Seule est autorisée une cabane de chasse par lot de chasse et pour la durée du bail.

Les miradors ne sont autorisés que pour la durée du bail du lot de chasse. (…) »

– Op wat baséiert d’Madamm Ministesch hir Decisiounen wat d’Unzuel u « Hochsitzer » ubelaangt ? 

  • Ginn et an deem Kontext ministeriell Virgaben, Orientatiounen oder änleches ? 
  • Wéi eng wieren dat ? 
  • Sinn dës Dispositiounen ëffentlech ? Wann net, beabsichtegt d’Madamm Ministesch dës Informatiounen ëffentlech ze maachen ? Wann net, firwat net ? 

– Kann d’Madamm Ministesch eis ofschléissend soen, wéini dat uewegenannten groussherzoglecht Reglement ugeholl a verëffentlecht gëtt ? 

  • Ass d’Madamm Ministesch sech bewosst, dass hiert Net-Handelen respektiv dat vun der groussherzoglecher Regierung dem Gesetzestext zuwidder leeft ? 
  • Ass d’Madamm Ministesch sech bewosst, dass hir Decisiounen vum Bierger als willkürlech empfonnt ginn an och sinn ? 

Mat déifstem Respekt,

pastedGraphic.png

Martine Hansen
Deputéiert

Zréck