Nei Oueremarke fir Traçabilitéit an Identifizéierung von Déiere wéi Ranner an Schof

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 3920

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de System SANITEL un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

De System SANITEL ass een Informatiksystem mat deem Déiere wéi Ranner, Schof, Gefligel asw an der ganzer Produktiounslinn registréiert, gespäichert an identifizéiert kenne ginn.

Domadder gëtt Traçabilitéit assuréiert well all eenzel Déier zu all Moment kann identifizéiert ginn. Laut eisen Informatioune sinn ab dem 1. Juli nei Oueremarke vu obligatoresch. Wéi et schéngt wieren awer vill Baueren nach net iwwert dëse Schrëtt informéiert gi respektiv wéissten net, dass néi Oueremarken am Ëmlaf wieren.

Dofir wollte mir dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen.

  • Kann den Här Minister eis dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, firwaat sinn Baueren net iwwer dess Changementer a Kenntnis gesaat ginn?
  • Wat geschitt wann ee Bauer bei enger Kontroll elo net konform wär?

 

Här President, mir bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                            Marco Schank

Députéiert

 

Zréck