Feier an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis: Ass déi Lëtzebuerger Regierung bereet niewent där gewéinlecher moralescher Ënnerstëtzung, der Verbonnenheet vun de Lëtzebuerger mat Frankräich och e Geste beim nees Opbau vun der Kathedral Notre-Dame ze maachen ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 641

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Brand an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis un den Här Staatsminister weiderzeginn.

Virgëschter si Millioune vu Leit weltwäit Zeie vun dem fierchterleche Brand an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis ginn. Mëttlerweil sinn honnerte vu Milliounen u Spenden zougesot gi fir dëst schwéier beschiedegt Weltkulturierwen a Symbol vun der franséischer an europäescher Kultur erëm opzebauen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Staatsminister riichten :

  • Ass den Här Staatsminister bereet niewent där gewéinlecher moralescher Ënnerstëtzung, am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung, der Verbonnenheet vun de Lëtzebuerger mat Frankräich och e Geste beim nees Opbau vun der Kathedral Notre-Dame ze maachen ?

 

  • Wei kéint sou ee Geste ausgesinn ?

 

  • Wier och eng finanziell Ënnerstëtzung denkbar ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Serge Wilmes

Députéierten

Zréck