CSV Nolauschter-Tour 2021

Léif Leit!

Är 21 Deputéiert vun der CSV-Fraktioun kommen erëm bei Iech op Nolauschter-Tour 2021.

Wéi schonns 2019 froe mir Iech: „Wou dréckt de Schung?“

Konkret den Méindeg, 20. September 2021 zu Réimech op der “Esplanade” um Maart, ab 15 Auer.

Duerno den Donneschdeg, 23. September 2021 zu Diddeleng um Maart, Place de l’Hôtel de Ville, ab 8 Auer.

Schliisslech gi mir den Freideg, 24. September 2021 nach eng Kéier an den Osten op Jonglënster op den Owesmart “Rue du Village”, ab 17 Auer.

Et geet eis drëms, fir Iech an Ären Uleies einfach nozelauschteren. An och fir Iech politesch Äntwerten op Är berechtegt Froen ze ginn.

Wëll fir eis muss jidder Politik, déi dësen Numm verdéngt, no bei de Leit sinn. An dat net just a Waljoeren.

Dir kënnt eis och gäre schreiwen op csv@chd.lu oder op den Telefon 47 10 55-1 uruffen fir mat eis an d’Gespréich ze kommen.

Just matenee komme mer weider.

Mir freeën eis drop, mat Iech an d’Gespréich ze kommen.

 

Martine Hansen

Co-Presidentin vun der CSV-Fraktioun

 

Gilles Roth

Co-President vun der CSV-Fraktioun