Membersdonnéeën änneren

Dir sidd geplënnert? Dir hutt eng nei Emailadress oder Telefonsnummer? Dir hutt Är Studien ofgeschloss a gitt elo schaffen oder hutt e neie Beruff ergraff? Da vergiesst och net eis Bescheed ze soen, fir datt Äre Courrier Iech weiderhin areecht a mir Iech weiderhin um Lafenden hale kënnen.

  • An Zesummenaarbecht mat der Konrad-Adenauer-Stëftung zu Bréissel kréien d'Participanten am Kader vun enger Parlamentssimulatioun Informatiounen, wéi sech d'Gesetzgebung op europäeschem Plang mécht. D'K.A.S. proposéiert bei dëser Geleeënheet zousätzlech eng Formatioun iwwert Sozial Medien a politesch Kommunikatioun an der analoger, ewéi an der digitaler Welt. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens Samschdeg, de 3. Mäerz un. Unzuel u Participanten ass begrenzt.
  • D'Aarbecht an de Gemengen muss richteg kommunizéiert ginn. Duerfir proposéiere mir mam Joëlle Letsch, déi eng laangjäereg Erfarung als Formatrice huet, e Rhetorikseminaire fir déi kommunikativ an argumentativ Kompetenzen vun CSV-Kommunalpolitiker auszebauen.
  • Den Emile Eicher, Deputéierten, Buergermeeschter vu Clierf a Syvicol-President, informéiert iwwert d'Organisatioun vun der interkommunaler Zesummenaarbecht an d'Bedeitung vun de Syndikater. Dëse Seminaire ass an Zesummenaarbecht mat de CSG.
  • Sozial Aspekter an enger méi digitaler Aarbechtswelt stinn am Mëttelpunkt vun engem Seminaire vum Marc Spautz, Deputéierten a Parteipresident.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.