Mäin Engagement

E grousse Merci, datt Dir eis mat Ärer Memberskaart politesch, ewéi och finanziell ënnerstëtzt. Doriwwer eraus, hutt Dir eng ganz Rei Méiglechkeeten fir Iech an der CSV op verschiddene Niveauen anzebréngen. Jee nodeems wéi vill Zäit Dir hutt, wat Är Intressien an Erwaardungen, awer och Är Kompetenzen sinn.

Villes steet all eenzelne Member op, fir a verschidde Gremie matzeschaffen, musst Dir awer op gewëss Mandater gewielt ginn an do Är Verantwortung iwwerhuelen. En Iwwerbléck doriwwer, wéi Dir Iech kënnt aktiv um Parteiliewe kënnt bedeelegen, gi mir Iech hei.

Ma zéckt och net eis Är konkret Erwaardungen un Är Memberschaft matzedeelen! Dëst kënnt Dir hei online maachen, oder awer och gären eng Kéier am direkte Gespréich. Falls Dir selwer nach keng Kontakter an der Partei hutt, mellt Iech einfach bei der Equipe am Generalsekretariat. Do kritt Dir zousätzlech Informatiounen a gitt ganz gären un déi zoustänneg Leit weidervermëttelt.

Informéiert bleiwen

Per Email

Fir iwwert d’Politik an d’Aktivitéite vun der Partei zäitno informéiert ze bleiwen, gitt Dir eis am beschten Är Emailadress un.

Online

Consultéiert reegelméisseg eis Internetsäit a besonnesch de Parteiagenda, wou Dir all d’Aktivitéite aus der Partei fannt. D’Partei, d’Bezierker, eng Rei Sektiounen an Ënnerorganisatiounen si mat enger eegener op Facebook vertrueden.

Kontakt Generalsekretariat

D’Equipe vum Generalsekretariat hält sech bei Froen, Bemierkungen a Suggestiounen gären zu Ärer Dispositioun.

4, rue de l’Eau /// L-1449 Luxembourg
Boîte postale 826 /// L-2018 Luxembourg
T. 225731-1 /// F 47 27 16
csv@csv.lu

Oppe fir all Member

CSV-Akademie: Gutt informéiert, staark engagéiert!

Am Kader vun der CSV-Akademie bidde mir Iech en interessanten a breede Formatiounsprogramm un. Dës Formatiounen sinn an der Regel gratis. Et ginn emol Ausnahmen, wat verschidde Rhetorikscouren ugeet. Den Iwwerbléck iwwert den aktuelle Programm kënnt Dir Iech ëmmer ënner hei maachen. Nieft der Wëssensvermëttlung ass d’Akademie eng gutt Geleeënheet Memberen aus dem ganze Land kennenzeléieren.

Mir freeën eis iwwer all Är Virschléi fir interessant Formatiounen, déi mir Iech an engem nächste Programm kéinten ubidden. Dofir schéckt dës roueg am Generalsekretariat eran.

CSV-Forum

Reegelméisseg ginn CSV-Foren iwwer spezifesch Themen organiséiert. Am Forum geet et dorëms, zesummen ze diskutéieren, Expertisen, Positiounen an Iddien auszetauschen. D’Forume ginn an der Regel vun engem CSV-Deputéierte geleet, esou, datt den Input direkt kann an d’Aarbecht um nationalen Niveau vu Partei a Fraktioun afléissen. Et ass deemno fir e Member déi perfekt Méiglechkeet, sech inhaltlech ganz onkomplizéiert anzebréngen.

Grouss Veranstaltungen

Dir kënnt ganz gären un de groussen traditionelle Rendez-vouse vun der Partei, ewéi National- oder Bezierkskongresser, dem Summerfest oder Neijoerspatt, deelhuelen. Och dëst si gutt Geleeënheet aner Memberen a Mandataire perséinlech kennenzeléieren. Memberen, déi net Delegéiert vun hirer Sektioun sinn, hunn awer kee Stëmmrecht um Bezierks- a Nationalkongress.

Meng CSV-Sektioun

Als Member vun der Partei sidd Dir automatesch Member vun enger Sektioun. D’Sektioune schaffen um Gemengeniveau. Hei geschitt d’Basisaarbecht an der Partei.

Iech an der Sektioun abréngen

An Ärer Sektioun kënnt Dir Iech op verschidden Aart a Weisen abréngen. Am Beschten ass et Dir kontaktéiert Äre Sektiounspresident oder -sekretär. Dir wësst net u wien Iech wenden? Da frot ganz einfach am Generalsekretariat no. D’Lëscht vum Sektiounscomité aus Ärer Gemeng fannt Dir hei.

Stëmmrecht op der Generalversammlung

Dir hutt d’Recht op der Generalversammlung vun der Sektioun matzediskutéieren a matofzestëmmen. All Joer fënnt op mannst eng Generalversammlung statt. D’Generalversammlung wielt e.a. de Comité an d’Sektiounsdelegéiert (déi um Bezierks- an Nationalkongress Stëmmrecht hunn). Se diskutéiert a stëmmt och iwwer kommunalpolitesch Froen of.

Member vum Comité ginn

All dräi Joer gëtt op der Generalversammlung en neie Comité vun der Sektioun gewielt. Hei kënnt Dir Är Kandidatur stellen. De Comité kënnt e.a. regelméisseg zesumme fir d’Politik an d’Aktivitéite vun der Sektioun ze plangen an ëmzesetzen.

Stëmmrecht um Bezierks- an/oder Nationalkongress

All Sektioun huet eng bestemmten Unzuel un Delegéiert ze gutt. Dës Delegéiert hu Stëmmrecht um Bezierks- an/oder Nationalkongress vun der Partei. Wéi de Comité, ginn dës Delegéiert all dräi Joer op der Generalversammlung nei gewielt.

Meng Ënnerorganisatiounen

An der CSV ginn et verschidden Ënnerorganisatiounen, wou Dir Iech eventuell kënnt abréngen. D’Ënnerorganisatioune schaffen autonom, hunn hir eegen Aktivitéiten a Gremien. Fir Kontakt zu enger Ënnerorganisatioun hirzestellen, kënnt Dir Iech gären am Generalsekretariat mellen.

Dir hutt ënner 33 Joer? Da sidd Dir automatesch Member vun der Jugendorganisatioun, der Chrëschtlech-Sozialer Jugend (CSJ). Sidd Dir nach Schüler oder Student? Da sidd Dir och nach Member vun de CSJ-Schüler a Studenten.

Als Fra sidd Dir automatesch Member an der Fraenorganisatioun, de Chrëschtlech-Soziale Fraen (CSF).

Dir hutt 65 Joer oder méi? Da sidd Dir automatesch Member bei de CSV-Senioren.

Als Member an engem Gemengerot, sidd Dir automatesch an de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit (CSG).

Dir wëllt Iech abréngen, onofhängeg vun der Nationalitéit, verstitt awer net onbedéngt Lëtzebuergesch? D’CSV International bitt Iech hei ufanks e Kader fir Iech awer aktiv am politeschen Dialog an der Partei z’investéieren.

Meng Positioun abréngen

Dir wëllt Är Positioun offiziell um Bezierks- oder Nationalniveau abréngen? Do hutt Dir d’Méiglechkeet vun enger Resolutioun, déi Dir fir d’Kongresser kënnt erareechen. Eng Resolutioun ass eng programmatesch Stellungnahm zu engem Thema.

Resolutioun am Bezierk

Eng Resolutioun um Bezierksniveau muss iwwer e Sujet goen, fir deen de Bezierk och zoustänneg ass. Propose fir eng Resolutioun kënnen vum Bezierkscomité, vun enger Aarbechtsgrupp (déi vum Bezierkscomité offiziell agesat gouf), vun de Sektiounen an och vun den Ënnerorganisatiounen um Bezierksniveau ausgeschafft ginn. Se kënnen awer och vu Memberen ausgeschafft ginn, wa se d’Ënnerstëtzung an domatter d’Ënnerschrëft vu 50 Memberen huet. Eng Resolutiounspropositioun muss spéitstens 14 Deeg virum Bezierkskongress beim Bezierkscomité ukomm sinn.

Resolutioun um Nationalniveau

Nieft de Propose, déi vum Nationalcomité selwer aus kënne gemaach ginn, kënne Resolutiounen um Nationalniveau vun de Kongresser vun de CSV-Bezierker, vun den Nationalkongresser vun den Ënnerorganisatiounen, awer och vu Memberen ausgeschafft ginn, wa se d’Ënnerstëtzung vun 100 Memberen hunn. Eng Resolutiounspropositioun muss spéitstens 14 Deeg virum Nationalkongress beim Nationalcomité ukomm sinn.

Publikatiounen

Statuten

D’Statute reegelen de Fonctionnement vun der Partei (z.B. wéi een Organ fir wéi eng Entscheedungen zoustänneg ass oder wéi e Member sech kann abréngen). Déi aktuell Statute goufen de 5. Dezember 2015 vun engem aussergewéinlechen Nationalkongress ugeholl.

DE (PDF) FR (PDF)