Memberzäitschrëft

CSV ELO! – NR. 6 / Oktober 2014

EloNummer6_KlnegAn der sechster Ausgab vun der CSV-Memberzäitschrëft “Elo” presentéiere mir Iech déi nei Membercampagne, de neie Formatiounsprogramm a villes méi.

Vill Leit interesséiere sech fir Politik. Si wëllen d’Problemer ugoen an u Léisunge matschaffen. D’CSV bidd dës Méiglechkeet sech ze engagéieren. Dëst weise mir och an eiser Membercampagne “CSV… mat mir”.

Am neie Programm vun der CSV-Akademie bidde mir Iech e.a. Formatiounen iwwert déi chrëschtlech-sozial Grondwäerter, iwwert d’Gemengefinanzen, Rhetorik an iwwert d’Themen ewéi d’nohalteg Entwécklung oder Beruffsausbildung un. Kuckt Iech de ganze Programm un a maacht mat!

PDF Issuu

 

CSV ELO! – NR. 5 / Abrëll 2014

ELO_ABrell 2014An der fënnefter Ausgab vun der CSV-Memberzäitschrëft “Elo” presentéiere mir Iech eis Kandidate fir d’Europawahlen.

Dir fannt all Informatiounen rondrëm d’CSV-Familljefest.

Am neie Programm vun der CSV-Akademie bidde mir Iech da Formatiounen iwwert d’sozial Medien, iwwert d’Geschicht vun de chrëscht-demokratesche Grondwäerter an iwwert d’nohalteg Entwécklung un.

PDF Issuu

 

CSV ELO! – NR. 4 / Januar 2014

Werner ELoAn der véierter Nummer vum CSV-Membermagazin “CSV ELO” presentéiere mir Iech mat Bäiträg vu Gefährten, Zäitzeien a Biografen een interessante Portrait vum Politiker an der Privatpersoun Pierre Werner, ewéi och een Iwwerbléck iwwert seng Verdéngschter fir Lëtzebuerg an Europa.

Am neie Programm vun der CSV-Akademie bidde mir Iech da Formatiounen iwwert d’Geschicht vu Rietspartei a CSV, ewéi och iwwert d’Geschicht vun de chrëschtlech-sozialen a chrëschtlech-demokratesche Parteien an Europa un.

PDF Issuu

 

CSV ELO! – NR. 3 / September 2013

Bidl EloAn der drëtter Nummer vum CSV-Membermagazin “CSV ELO” hëlt de Staatsminister Jean-Claude Juncker Stellung zu de virgezunne Wahlen an dem Wahlkampf. Mir stellen Iech eis 60 Kandidate fir d’Wahle vir a soen Iech wou a wéini d’ Juncker on Tour’en sinn.

Och presentéiere mir Iech e grousse Foto-Réckbléck op eis Aktivitéiten an de groussen Asaz vun de CSV-Memberen an de leschte Wochen a Méint.

PDF Issuu

 

CSV ELO! – NR. 2 / Mee 2013

An der zweeter Nummer vun der  vum CSV-Membermagazin “CSV ELO” stinn déi zwee nei Ministeren Martine Hansen a Marc Spautz, de Summerprogramm vun der CSV-Akademie an de neie Look vun der Partei am Fokus.

Zesumme mam Luc Mullenberger a mam Sacha Rein analyséiere mir déi nei visuell Duerstellung vun der CSV.

PDF Issuu

 

 

CSV ELO! – NR. 1 / November 2012

An der éischter Nummer vum neien CSV-Membermagazin “CSV ELO” stinn d’chrëschtlech Sozialléier, d’CSV-Akademie an Thema Fairtrade am Fokus.

Zesumme mam Lëtzebuerger Generalvikar a President vu Caritas Lëtzebuerg Erny Gillen froe mir eis wat déi chrëschtlech-sozial Wäerter haut bedéiten. Mam Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, huele mir de fairen Handel ënnert d’Lupp.

PDF Issuu