De 26. Januar wiele mir um Nationalkongress zu Mutfert en neien Nationalcomité. Am Virfeld dovunner, invitéiere mir Iech als CSV-Member op en Austausch mat de Kandidate fir President a Generalsekretär. Esou organiséiere mir véier Hearingen – een an all Bezierk. Dëst si parteiintern Veranstaltungen.
Fir Kandidat fir President hunn sech gemellt:
- Frank Engel
- Serge Wilmes
Fir Kandidat fir Generalsekretär huet sech gemellt:
- Felix Eischen
Déi véier Hearinge fanne statt:
- 14/01/2019 ëm 19:30 am Centre culturel „am Duerf“ zu Jonglënster (Osten)
24, rue du Village; L-6140 Junglinster
- 17/01/2019 ëm 19:30 am Schlass zu Mamer (Süden)
1, Place de l’Indépendance; L-8252 Mamer
- 22/01/2019 ëm 19:30 am Centre „Turelbaach“ zu Mäerzeg (Norden)
22, rue Principale; L-9168 Mertzig
- 23/01/2019 ëm 19:30 am Centre „Nic Braun“ zu Hesper (Zentrum)
474, route de Thionville; L-5886 Hesperingen
Op dëse véier Veranstaltungen hutt Dir als CSV-Member d’Geleeënheet zesumme mat de Kandidate ze diskutéieren.