Forum Waasser

Forum iwwert Waasser Donneschden den 02.06.2016 um 19:00 Auer an der Salle des fêtes, 1, place Dostert L-7373 Lorentzweiler

Waasser ass eis eenzeg natierlech Ressource. Eng gutt Qualitéit vu eise Baachen a Flëss, eisem Grond- an Drénkwaasser ass keng Selbstverständlechkeet. Mat engem Bléck op de Waasserkreeslaf dréinen d’Diskussiounen an dësem Forum ëm Drénkwaasserschutz,Ofwaasserklärung, Héichwaasserproblematik oder och nach Gewässerrenaturéierungen.

Dës Sujet’en spillen eng wichteg Roll op Gemengen-, Landes- an och EU-Niveau an eis Politik muss een nohaltegen Ëmgang mat dëser wäertvoller Ressource garantéieren.