Digital CSV Bezierks- a Nationalkongresser

KONGRESSSAIT VUN DER CSV

DAGESUERDNUNG

– Begréissung duerch de President vun der CSV Jonglënster, Tom Weber
– Opmaache vun de Kongresser duerch d’CSV-Vizepresidentinnen Elisabeth Margue a Stéphanie Weydert
– Adoptioun vun der Kongressuerdnung, dem Kongressbüro an der Wahlkommissioun

1. WAHLEN UM NIVEAU VUN DE BEZIERKER

1.1 Virstellung vun de Kandidaten a Wahl a getrennte Wahlgäng
– vun de Bezierkspresidenten
– vu je 12 Memberen fir d’Bezierkskomiteeën
– vun zwee Keeserevisoren pro Bezierk

1.2 Annonce vun de Wahlresultater

2. OFSTËMMUNGEN A WAHLEN UM NATIONALEN NIVEAU

2.1 Administrativen Deel
2.1.1 Aktivitéitsrapport vum Generalsekretär ff Paul Galles
2.1.2 Keesserapport vum Generaltrésorier ff André Martins
2.1.3 Interventioun vun de Keesserevisoren
2.1.4 Diskussioun an Adoptioun vun de Rapporten

2.2 Wahlen
2.2.1 Virstellung vun de Kandidaten a Wahl a getrennte Wahlgäng
– vum Parteipresident
– vum Generalsekretär
– vun zwee Vizepresidenten
– vum Generaltrésorier
– vun aacht Membere fir de Nationalkomitee, je zwee pro Bezierk
– vun zwee Keesserevisoren
– vun den Disziplinarorganer

2.2.2 Annonce vun de Wahlresultater

3. POLITESCHEN DEEL

3.1 Resolutiounen a Motiounen

3.2 Ried vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen

3.3 Schlusswuert vum neie Parteipresident

Mir streamen eisen digitale Kongress iwwer csv.lu, eise Facebook an op Youtube. E wäert och live iwwerdroe
ginn op Apart TV an Dok TV.
D’Prozedur fir eng Kandidatur ze stellen esou wéi déi verschidde Kandidaturerklärunge fannt Dir op
csv.lu.

Une traduction simultanée en français sera disponible.