CSV Lancement, Dag fir d’Parteistrukturen

Banner-Lancement 2015
CSV Lancement Informatiouns- a Formatiounsdag fir d’Parteistrukturen: D’Invitatioun op de Lancement riicht sech un all Member, den eng Hand mat upeekt.

PROGRAMM

8.30 AUER /// ACCUEIL VUN DE MEMBEREN A KAFFI

9.00 AUER /// PLÉNIÈRE
Presentatioun vun de lafenden Parteiaktivitéiten, der neier Campagne „CSV … Mat mir a menger Gemeng“ an den aacht CSV-Gemengenambassadeuren, d’Aarbechten un der Statutereform, Formatiounsoffer vun der CSV-Akademie, Foren …

10.00 AUER /// DISKUSSIOUN AN AARBECHTSGRUPPEN

  1. Aarbechtsgrupp /// CSV … Mat mir a menger Gemeng
    Mir wëllen zesumme mat eisen aacht CSV-Gemengenambassadeuren an eiser neier Kampagne méiglechst vill Leit motivéieren, sech an hirer Gemeng ze engagéieren, sief et als Kandidat(in) oder aktive Member bei der inhaltlecher an organisatorescher Parteiaarbecht. Mam Joëlle Letsch vum ATD-Center diskutéiere mir iwwer Team-building als Grondlag fir en effizient an erfollegräicht Schaffen an de Sektiounen.
  2. Aarbechtsgrupp /// Kommunikatioun mat de Bierger
    Iwwer déi politesch Aarbecht, déi geleescht gëtt, muss och geschwat ginn. D’Kommunikatioun, d’Informatioun an den Dialog mat de Bierger(innen) si vu kapitaler Bedeitung. Zesumme mat Fachleit informéiert d’Generalsekretariat iwwert d’Offer fir op d’Moss d’Sektiounen an hirer Kommunikatioun ze ënnerstëtzen, sief dat online (nei Sektiounsinternetsäiten, Präsenz an de soziale Medien…), am Print (nei a méi flexibel Formule vum Op de Punkt …), oder am direkte Kontakt mat de Bierger.

11.45 AUER /// OFSCHLOSS

Mëllt Iech w.e.g. am CSV-Generalsekretariat ënner [email protected] /// 2257311 un.