CSV-Familljefest

Banner FamilljefestAls klenge Merci fir Ärt Engagement, Ärt Vertrauen an Ären Asaz invitéieren d’CSV-Generalsekretariat an d’Fraktioun Iech an Är ganz Famill op d’CSV-Familljefest zu Ettelbréck an der Däichhal.

Programm

11.00 – 12.30 Auer Apéro – Offiziellen Deel
12.30 – 14.00 Auer Gemeinsamt Mëttegiessen
14:30 – 15.00 Auer Quiz Show /// 100 Joer CSV
15.00 – 16.00 Auer Show mam David Goldrake

E musekalescht Encadrement gëtt vun der “Moselle Valley Brass Band” assuréiert. De ganzen Dag iwwer gëtt och eng Kanneranimatioun (Spillmobil – Sprangschlass) ugebueden.

Menu 15€

  • Fierkelshämchen mat Speckgromperen an Ierbessen mat Muerten
  • Äppeltaart a Kaffi

Bezuelt gëtt op der Plaz.

De ganzen Dag gëtt et dodernieft och Gegrilltes.

Eng Umellung fir d’Familljefest ass obligatoresch. Dir kënnt Iech bis e Mëttwoch, den 23. Abrëll um T. 22 57 31-1, [email protected] oder ëm F. 47 27 16 am CSV-Generalsekretariat umellen.