CSV-Akademie: D’Gemengefinanzen an déi kommunal Aufgaben a Revenuen

De Gemengefinanzsystem ass d’Basis vun der Gemengenautonomie. Wéi ass de Gemengefinanzsystem opgebaut, wat sinn de Gemengen hir Aufgaben (obligatoresch a fakultativ Aufgaben) a wéi setzen sech d’Revenuen vun de Gemengen zesummen (Taxen, Steieren, Dotatiounen, Subsiden, …)?

Den Marc Leonhard, Premier Conseiller de Gouvernement, Maître ès sciences économiques, laang Joren zoustänneg fir d’Gemengefinanzen um Ministère de l’Intérieur, erkläert, wéi d’Gemengen finanzéiert sinn (Verdeelung ënnert de Gemengen, de Finanzausgläich, Statistiken, Stäerken an Schwächen vum System, d’Perspektiven …).