CSV-Akademie: D’Gemeng am alldeegleche Fonctionnement

Eng Gemeng ass net nëmmen eng politesch Institutioun. Si ass e wichtegen Déngschtleeschter fir d’Bierger an d’Betriber am Alldag. Wéi fonctionnéiert dësen Déngschtleeschter a wien vum Gemengepersonal ass op der Gemeng fir wat zoustänneg?

D’Nadine Braconnier, d’Gemengesekretärin vu Käl-Téiteng, informéiert iwwert déi konkret Aarbecht an Organisatioun vun enger Gemeng am alldeeglechen Asaz fir d’Bierger.