Publikatiounen iwwert d’CSV

[tab:CSV]

Bicher

CSV Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? : Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert / hrsg. von Gilbert Trausch, Luxembourg : Éd. Saint-Paul, 2008 – 991 p.

2001 huet de CSV-Nationalcomité ënnert der Presidentin Erna Hennicot beschloss, en onofhängegt Historikerteam ënnert der Leedung vum Gilbert Trausch mat enger ëmfaassender Parteigeschichtsschreiwung ze befaassen. Sou kruten d’Autore fräien, onageschränkten Zougang zu alle Parteiarchiven a si kruten och fräi Hand bei hirer Aarbecht. Erauskomm ass 2008 e Wierk vun iwwer 900 Säite mat ëmfaassende Kapitelen iwwert d’Geschicht an d’Ëmfeld vun der Partei.

Fir d’Buch ze kafen: am Generalsekretariat vun der CSV ënnert 225731-1 oder [email protected] / Präis: 25 Euro

Fir d’Buch auszeléinen: ënner anerem an der Nationalbibliothéik

 

Ursprung und Leistung einer Partei : Rechtspartei und Christlich-Soziale Volkspartei 1914-1974 / Émile Schaus. –  Luxemburg : Sankt-Paulus-Druckerei, 1974 – 344 p.

Den Emil Schaus, e.a. Minister an Deputéierte vun der CSV, huet 1974 eng Parteigeschicht vun der Rechtspartei bis zur CSV vun 1974 verfaasst (méi Informatiounen iwwert den Autor fannt Dir am Lëtzebuerger Autorelexikon). 2008 kommentéiert den Historiker Gilbert Trausch dëst Wierk a senger eegener Parteigeschicht esou:”Es sollte tatsächlich bis 1974 dauern, ehe die erste Geschichte der Rechtspartei-CSV erschien (…). Diese verdienstvolle Arbeit, die ihren Wert behält (…) ist allerdings von der Parteiwarte aus geschrieben.”

Fir d’Buch ze kafen: am Moment net disponibel

Fir d’Buch auszeléinen: ënner anerem an der Nationalbibliothéik

[tab:Perséinlechkeeten]

Bicher

Itinéraires luxembourgeois et européens : évolutions et souvenirs : 1945-1985 / Pierre Werner. –  Luxembourg : Éd. de l’Imprimerie Saint-Paul, 1992, 660 p.

1991/92 verëffentlecht de Pierre Werner, fréiere Premierminister, seng Erënnerungen u seng politesch aktiv Zäit, souwuel zu Lëtzebuerg ewéi och am Kader vun der europäescher Integratioun. An zwee Bänn, op 660 Säiten, gëtt en dem Lieser en interessanten Abléck och emol hannert Kulisse vun de wichtegen Entscheedungen, déi eist Land an Europa geprägt hunn. De Pierre Werner erméiglecht engem eng Asiicht a seng politesch a wirtschaftlech Visiounen an Iwwerleeungen.

Fir d’Buch ze kafen: am Moment net disponibel

Fir d’Buch auszeléinen: ënner anerem an der Nationalbibliothéik

[tab:Chrëschtdemokratie]

Bicher

Démocraties chrétiennes et conservatismes en Europe : une nouvelle convergence? / Éd.: Pascal Delwit. –  Bruxelles : Éd. de l’Université libre de Bruxelles, 2003, 352 p.

Ënnert der Leedung vum belge Politolog Pascal Delwit, beschäftege sech eng Réi Wëssenschaftler mat der Fro no der Evolutioun an der Gewiichtung vun de chrëschtlech-demokrateschen a chrëschtlech-soziale Parteien an Europa. Virun allem wëll an der EVP (Europäesch Vollekspartei), dem europäesche Parteiebündnis, dem och d’CSV ugehéiert, ëmmer méi konservativ a liberal Parteien derzoustoussen. “A-t-on affaire à une simple opération de stratégie politique configurée au système politique européen ? Est-ce le reflet d’une indistinction de plus en plus manifeste entre démocrates chrétiens et conservateurs ? Ou, de manière plus radicale, assiste-t-on à l’extinction d’une famille politique – la démocrate chrétienne – ou à son absorption par la famille conservatrice ?” De Politologue Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg analyséiert dobäi och d’Situatioun vun der CSV (Inhaltsverzeichnis).

Fir d’Buch ze kafen: an de Librairien

Fir d’Buch auszeléinen: ënner anerem an der Nationalbibliothéik

[tab:END]