Wee mir sinn

 

[tab:D’CSV – eng Wäertepartei]

D’CSV ass déi grouss Lëtzebuerger Vollekspartei vun der sozialer Mëtt. Sou ass a war d’chrëschtlech-sozial Vollekspartei nie eng reng wirtschaftsliberal konservativ Partei no angelsächsegem Virbild.

Jidder eenzelen zielt …

D’Politik vun der CSV baséiert net op den Dogmen vu „Jidderee fir sech alleng“ an „Zesummen esou mann, ewéi méiglech“. Eis Politik baséiert op de Grondprinzipie vun der chrëschtlecher Sozialléier. Si baséiert op de Leitmotiver vu „Jidder eenzelen zielt“ a „Zesumme wuessen“.

… als eenzele Mënsch

Esou steet d‘Wäertschätzung vun der mënschlecher Dignitéit, mat all senge materiellen an immaterielle Facetten, am Mëttelpunkt vun eise Bestriewungen. All Mënsch soll d’Méiglechkeet hunn sech eng eegen Existenz opzebauen. All Mënsch huet virun allem eng fair Chance verdéngt sech am Liewen ze verwierklechen.

Den eenzele Mënsch kann sech awer nëmme richteg bannent enger Gemeinschaft entwéckelen. Mir kënnen eis Ziler am Beschten zesummen areechen. Wa mir eis géigesäiteg hëllefen an ënnerstëtzen. Et ass eis fest Iwwerzeegung, datt eng Solidargemeinschaft de richtege Wee ass.

… als aktiven a wäertvolle Member vun der Gesellschaft

Mir gleewen dofir drun, datt jiddereen e Bäitrag fir eist Zesummeliewen erbrénge soll. Déi staark Schëllere méi, ewéi déi schwaach. Sozialen Zesummenhalt, Sécherheet a gemeinsame Wuelstand, ewéi déi modernsten ëffentlech Infrastrukturen an Déngschtleeschtungen, verlaange vun eis all Ustrengungen. Eis Gemeinschaft kann op Dauer ouni d’Bäiträg vun all Mënsch, ouni Upaken a Leeschtung vu jidderengem, net bestoen.

D’Zesummeliewe soll awer jidderengem méi Méiglechkeeten a méi Fräiheete bidden, net den Eenzelen ënnerdrécken an aschränken. Dofir ass et un éischter Plaz net de Staat, ma jidderee vun eis, dee fir säin eegent Wuel an dat vu senge Matmënsche verantwortlech ass.

Mir stinn dofir fir d’Komplementaritéit vun Eegeninitiativ a kollektiven Ustrengungen, fir d’Zesummespill vum Leeschtungsgedanken an der sozialer Gerechtegkeet a fir d’Matenee vu Fräiheet vum Individuum a Verantwortung fir d’Allgemengwuel.

[tab:D’CSV – eng Vollekspartei]

D’CSV ass eng Partei vun a fir d’Vollek. Si vertrëtt net just d’Intressie vun enger bestëmmter Bevëlkerungsschicht. Den Ausgläich tëschent den ënnerschiddleche Bedierfnesser an d’Allgemengwuel si bei eiser Politik entscheedend.

D’CSV ass haut awer virun allem déi eenzeg flächendeckend Partei vu Lëtzebuerg. Bei de Gemengewahlen 2011 war si déi eenzeg Partei, déi an alle Proporzgemengen eng komplett Lëscht presentéiert huet. Mat iwwer 80 Sektiounen a Sektiounsverbänn ass se queesch duerch d’Land fest an der Lëtzebuerger Gesellschaft verankert.

Mat der Ënnerstëtzung  vun 10.000 Memberen

Politesch Entscheedungen entsti net vum Selwen. Léisunge falen net vum Himmel. D’Politik gëtt vu Mënsche gemaach. D’Entscheedunge vu Mënsche geholl.

D’CSV – dat sinn iwwer 10.000 Leit, Männer a Fraen aus allen Alters- a Gesellschaftsschichten, Mënsche mat de verschiddenste Beruffer a vu ville Nationalitéiten, déi sech engagéiere wëllen. Et sinn 10.000 Leit, déi bereet sinn, hiert Wëssen, hir Kompetenzen an Iddien anzebréngen. 10.000 Leit, déi sech fir d’Gesellschaft an hir Matmënschen asetzen. Um lokalen, regionalen a nationale Plang. Awer och an Europa an doriwwer eraus.

Mam Vertraue vum Bierger

Bei de leschte Legislativwahlen hunn d’Lëtzebuerger der CSV iwwer 34 Prozent ginn. An och d’Sondage weisen ëmmer nees op e Neits: d’CSV ass déi Partei, deenen d’Bierger bei Wäitem am meeschte vertrauen. Fir dëst Vertraue kënne mir just Merci soen. Et ass awer och eis Flicht et net ze enttäuschen, mä eis resolut fir Land a Leit anzesetzen.

Fir e chrëschtlech-soziale Mandatair heescht dëst konkret: D’Vertraue vun de Leit ze kréien, ass een Optrag – kee Privileg. Politik ze gestalten ass kee Selbstzweck, ma en Déngscht un de Matmënschen.

Mat der Kompetenz vu grousse Perséinlechkeeten

D’Ufäng vun der CSV gi ronn 100 Joer zeréck, wéi de Virleefer vun der CSV, d’Rietspartei, am Joer 1914 gegrënnt gouf. D’CSV konnt an dëser laanger Geschicht ëmmer op dat fräiwëllegt Engagement vun hire Memberen zielen. Sëllech Leit, déi an hirer Fräizäit, nieft Schoul a Studium, Aarbecht a Famill fir eis Gesellschaft geschafft hunn.

D’CSV konnt genau esou awer och ëmmer op aussergewéinlech Perséinlechkeeten zeréckgréifen. Leit, ewéi de Pierre Dupong, de Pierre Werner oder de Jean-Claude Juncker. Leit, déi net nëmmen national hire Biergeroptrag erfëllt hunn, ma och am europäeschen Eenheetswierk eng wichteg Roll gespillt hunn respektiv ëmmer nach spillen.

[tab:D’CSV – eng Programmpartei]

“La politique n’est pas seulement une lutte d’intérêts, elle est aussi une lutte d’idées.” (Pierre Werner)

Politik ass e Wettkampf vun Ideeën. D’Ënnerscheeder tëschent de Parteie beschränken sech net nëmmen op d’Perséinlechkeet vum Spëtzekandidat. Wahle representéieren e Choix vum Bierger tëschent ënnerschiddleche Mënschebiller a Gesellschaftsmodeller, tëschent alternative Prioritéiten a Léisungsvirschléi.

Positiounen ausschaffen – Léisungen ëmsetzen

Awer och d’Muecht ass kee Selbstzweck. An der politescher Verantwortung stoen, heescht fir d’CSV chrëschtlech-sozial Wäertvirstellungen an d’Realitéit ëmsetzen. Et heescht Zukunftskonzepter fir d’Land entwéckelen, haut schonns u muer denken. Et heescht kloer Virschléi presentéieren, wéi d’Liewensqualitéit vun de Mënschen nohalteg verbessert ka ginn a konkret Léisunge fir konkret Problemer fannen.

An der Partei

Eis Positiounen entstinn an interner Demokratie, an Zesummenaarbecht vun einfache Parteimemberen, Mandatairen an Experten. Si ginn an de verschiddene Parteiorganger ausgeschafft, an Aarbechtsgruppe beschwat, op Kongresser a Nationalréit diskutéiert. All fënnef Joer fannen dës Iwwerleeungen hiren Ausdrock am Wahlprogramm vun der Partei.

“Nei Pläng fir d’Zukunft kann een nëmmen entwäerfen, wann een eng kritesch Distanz zur Vergaangenheet huet.” (François Biltgen)

Et gehéiert zum Selbstverständnis vun der CSV sech selwer a Fro ze stellen, ouni blann all Laun vum Zäitgeescht nozelafen. Et zielt, souwuel d’Ëmsetzung vun de Grondsätz vun Zäit zu Zäit ze hannerfroen an déi um Terrain gefouerte Politik regelméisseg ze iwwerdenken. Gi mir eiser Aufgab nach ëmmer gerecht? Hu mir nach ëmmer déi richteg Äntwerten op déi nei Erausfuerderungen? Entsprécht eis Politik ëmmer nach eise Wäerter an Idealer?

Am Dialog mam Bierger

Mir verschléissen eis dem ëffentlechen Debat net. Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft fanne bei eis ëmmer oppen Dieren, wann se un engem Meenungsaustausch interesséiert sinn. Kommentaren, Froen an Ideeën aus der Bevëlkerung gi vun eis ëmmer eescht geholl. Net nëmmen eis Mandatairen an eis Sektiounen um lokale Plang sichen de Kontakt mam Bierger, als national Partei invitéiere mir regelméisseg z.B. all Joer am Abrëll/Mee op den “CSV on Tour”, fir zesumme mat de Leit am Land iwwert d’Prioritéite fir Lëtzebuerg an eis Positiounen, fir iwwer hir Suergen a Virschléi ze diskutéieren.

[tab:END]