Dokumenter

Walprogramm 2023

CSV Walprogramm Chamberwalen 2023

Gemengewalen 2023 – Programmelementer

Mat de Programmelementer gëtt d’CSV de Sektiounen een Aarbechtsdokument mat op de Wee, fir hinne bei der Opstellung vun de lokale Programmer ze hëllefen.

Statuten

D’Statute reegelen de Fonctionnement vun der Partei (z.B. wéi een Organ fir wéi eng Entscheedungen zoustänneg ass oder wéi e Member sech kann abréngen). D’CSV-Statuten goufen am Kader vun engem Ausseruerdentlechen Nationalkongress den 11. Juni 2022 ugeholl.

Verstänneg wuessen, éierbar wunnen – eis Zukunft fänkt haut un

D’Resolutioun ass vun de CSV-Nationaldelegéierte mat enger Enthalung a kenger Géigestëmm um ausseruerdentleche Kongress den 9. November 2019 zu Péiteng ugeholl ginn .

Grondsatzprogramm vun der EVP

E Plang fir Lëtzebuerg

De CSV-Wahlprogramm fir 2018-2023.

PDF

CSG-Rahmeprogramm 2017

D’CSV-Gemengeréit (CSG) hunn sech an hirem Programm siwen Haaptziler a Prioritéite fir déi nächst sechs Joere (2017-2023) ginn. Mam Rahmeprogramm gëtt d’CSG de CSV-Sektiounen een Aarbechtsdokument mat op de Wee, fir hinne bei der Opstellung vun de lokale Programmer ze hëllefen.

Zesummen fir Lëtzebuerg – eisen Aktiounsprogramm 2013

De CSV-Wahlprogramm fir 2013-2018

Grondsazprogramm

Firwat sti mir als CSV? Wat sinn eis Iwwerzeegungen a Wäerter, op deene mir eis politesch Aarbecht baséieren? Dorobber gëtt de Grondsazprogramm eng Äntwert. Domatter ass de Grondsazprogramm d’Basis vun eiser Politik an eise Positiounen. Den aktuelle Grondsazprogramm gouf 2016 vum Nationalkongress ugeholl.