Digital uerdentlech Bezierks- a Nationalkongresser 2021

E Samschdeg, den 24. Abrëll wäerten eis Bezierks- an eise Nationalkongress an digitaler Form sinn. Mir hätten eis alleguer gewënscht, eis Kongresser „en présentiel“ z‘organiséieren, awer déi sanitär Situatioun léist dat net zou.

Hei drënner fannt Dir déi néideg Informatiounen fir Är Kandidaturen fir den National- an de Bezierkscomité.

1. Kandidature fir de Bezierkscomité

An de véier CSV-Bezierker wäerten d’Poste vum Bezierkspresident, vun 12 Membere vum Bezierkskomitee (déi net Deputéiert oder Member vum Staatsrot sinn) a vun zwee Keeserevisoren nei gewielt ginn.

D’Memberen, déi an hirem Bezierk wëlle fir e Poste am Bezierkscomité kandidéieren, si gebieden d’Bezierksresponsabel ze kontaktéieren, fir d’Kandidaturerklärung geschéckt ze kréien.

Fir de Bezierk Osten:
Här Max Hengel
20, Rue Hiehl
L-5485 Wormeldange
mhengel@chd.lu

Fir de Bezierk Norden:
Här Charel Weiler
27, Rue Emile Kowalsky
L-9253 Diekirch
norden@csv.lu

Fir de Bezierk Zentrum:
Madame Catherine Pundel
11, rue Hiehl
L-7390 Blaschette
zentrum@csv.lu

Fir de Bezierk Süden:
Här Jean-Marie Wirth,
13, rue Randlingen
L-8366 Hagen
wirthjm@pt.lu

2. Kandidature fir den Nationalcomité

Op nationalem Plang ginn nei gewielt d’Poste vum Parteipresident, de Vizepresidenten, dem Generalsekretär, dem Generaltrésorier, vun aacht Membere vum Nationalkomitee (2 pro Bezierk), de Keesserevisoren, de Membere vum Disziplinarrot a vum Berufungsrot.

D’Memberen, déi fir e Posten am CSV Nationalcomité wëlle kandidéieren, si gebieden, d’Generalsekretariat ze kontaktéieren, fir d’Kandidaturerklärungen geschéckt ze kréien

CSV-Generalsekretariat:
B.P. 826
L-2018 Lëtzebuerg
csv@csv.lu, Tel: 22 57 311

3. Allgemeng Informatiounen zu de Kandidaturerklärungen

Déi verschidde Kandidaturerklärunge kënnt Dir och hei eroflueden.

Kandidaturerklärung OSTEN

Kandidaturerklärung NORDEN

Kandidaturerklärung ZENTRUM

Kandidaturerklärung SÜDEN

Kandidaturerklärung NATIONALCOMITÉ

D’Kandidaturerklärunge si bis de Freideg, 09. Abrëll 2021 un déi zoustänneg Kontaktadressen zréck ze schécken. Et gëllt den Datum vum Poststempel. Kandidaturerklärungen per Mail si net zoulässeg. Fir ze evitéieren, datt eng Kandidaturerklärung net ukënnt, biede mir awer den zoustännege Bezierk, respektiv d’Generalsekretariat (fir national Mandater) gläichzäiteg per Mail ze informéieren.

Mir streamen eisen digitale Kongress iwwer csv.lu, eise Facebook an op Youtube. E wäert och live iwwerdroe ginn op Apart TV an Dok TV.

INVITATIOUN DIGITAL UERDENTLECH CSV BEZIERKS- A NATIONALKONGRESSER 2021